"Welcome to Miami" heescht et vun haut un an der Formel 1. Déi 6. Manche vun der Saison ass an den USA, an do ass och ëmmer fir vill Spektakel gesuergt. Den Oscar Piastri op McLaren geet als Leader am Weltmeeschterschaftsklassement an dëse Sprint-Weekend. Den Duell tëscht dem Australier an sengem Equipier Lando Norris ass op jiderfall lancéiert, Franky Hippert:

02/05/2025 11h40 Virschau Formel 1 Miami Ok

A wéi de Weekend an der Formel 1 verleeft, kënnt dir nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op rtlplay suivéieren. Lass geet et haut mam eenzegen Fräien Training um halwer 7, d'Sprint-Qualifikatioun ass dann den Owend um halwer 11. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg den Owend um 10 Auer. De Virprogramm bei de Kolleege vun der Tëlee fänkt schonn um 1/4 op 9 un. Weider Detailer fannt dir op rtl.lu an eiser Rubrik "F1".