
Beim Holzkuelegrill sollt een am beschten virop mol op Brandbeschleuneger verzicht soll ginn. Spiritus an aner brennbar Flëssegkeeten kënnen eng Stéchflam maachen, déi geféierlech ka ginn. Wéi gesäit et bei deenen anere Griller aus, Laurent Massard vum Service Preventioun vum CGDIS?
Beim Holzkuelegrill sollt een am beschten virop mol op Brandbeschleuneger verzicht soll ginn. Spiritus an aner brennbar Flëssegkeeten kënnen eng Stéchflam maachen, déi geféierlech ka ginn. Wéi gesäit et bei deenen anere Griller aus, Laurent Massard vum Service Preventioun vum CGDIS?
Beim Gasgrill gi Brenner iwwert en Gasfläsch alimentéiert. Hei sollt een oppassen, dass déi ganz Komponenten nach intakt a richteg zesumme geschrauft sinn, fir ze verhënneren dass Gas austrëtt an doduerch eng Gefor entsteet. Ma insgesamt bei sämtleche Griller ass et wichteg dass een e Grill hëlt, deen eng CE Kennzeechnung huet, eng Conformité Européenne, déi ugëtt, dass de Produit d'Sécherheetsvirschrëften erfëllt an dass wann een de Grill selwer zesumme baut, een dat och no der Gebrauchsuweisung vum Hiersteller mécht.
Da soll de Grill och propper gehale ginn, well Iwwerreschter vun der Kéier virdrun, oder Fett, kënnen och geféierlech ginn.
Dat ass d'Gefor effektiv, bei Gas an Elektrogriller, hei ass d'Botze ganz wichteg, well dat sinn oft d'Ursaache, firwat et zum Grillbrand kënnt. An dann ass et natierlech och wichteg, dass ee falls et zu engem Brand kënnt, dat richtegt Läschmëttel hëlt, dat wier an deem Fall entweder e Fettbrandläscher oder eng Läschdecken. Hei dierf een op kee Fall Waasser huelen, well dat kéint da richteg geféierlech ginn. Bei de Kuele muss een oppassen, dass een se en Dag ofkille léisst, iert een se entsuergt, well waarm Kuele kënnen.
Wichteg ass och déi richteg Plaz, wou ee virum Wand geschützt ass. Wa vill Fonke fléie, kann dat och Feier ginn.
Grondsätzlech soll een nëmmen am Fräie grillen an da soll een de Grill och op engem riichten a stabillen Ënnergrond opstellen an och net méi réckele, wann een e bis ugefaangen huet. Dann ass et natierlech och wichteg, fir en Ofstand zu anere brennbaren Objeten ze hale, wéi zum Beispill Hecke, Beem, Sträich oder Fassaden. An deem Fall soll den Ofstand 3 Meter sinn.
Sollt de Grill dann awer mol brennen, soll een net zécke fir direkt den 112 unzeruffen an no Hëllef ze froen.