Sou lues awer sécher dierften déi Meescht hire Grill gebotzt an och schonn am Asaz gehat hunn. Wann et trotzdeem net sou richteg klappt, hei e puer Hëllefe vum David Albert. Zum Beispill soll rout Fleesch mat Zäiten aus dem Frigo eraus.

Sou lues awer sécher dierften déi Meescht hire Grill gebotzt an och schonn am Asaz gehat hunn. Wann et trotzdeem net sou richteg klappt, hei e puer Hëllefe vum David Albert. Zum Beispill soll rout Fleesch mat Zäiten aus dem Frigo eraus.

"Well dat en immensen Afloss huet op d'Struktur vum Fleesch a wann een et dann ubrot op sengem Grill, da bleift d'Fleesch och schéin zaart. Wa mer dat Fleesch bis um Grill hunn, e No Go beim Fleesch am Allgemengen (net nëmmen um Grill mä och doheem an der Pan), dat ass mat enger Forschett ze schaffen. Well mer dann an d'Fleesch picken an doduercher kommen de Jus an d'Fett eraus an eist Fleesch riskéiert dréchen ze ginn."

D'Temperatur um Grill sollt 170 bis 230 Grad hunn ier d'Fleesch drop kënnt. D'Fleesch sollt och net ze dacks gedréint ginn:

"E normale Beefsteak vun zwee, dräi Zentimeter, dee kann een op zwou Säiten zwee Mol eng Kéier ubroden. Wa mer elo e bësse méi déck Stécker hunn, déi kënne mer an Aluminium apaken an déi einfach op der Säit vum Grill e bëssen zéie loossen , da geet do d'Kärtemperatur an d'Luucht. An och ganz wichteg: Wa mer rout Fleesch hunn, dass mer dat och e bëssen op d'Säit zéien fir et e bësse rouen ze loossen, fir dass dee ganze Jus, deen duerch déi brutal Temperatur komm ass, erëm zeréck op seng Plaz geet."

Dacks gëtt och eng Flëssegkeet beim Grillen iwwer d'Fleesch geschott, ewéi zum  Beispill Béier. Am Fong keng gutt Iddi.

"'Éischtens: Mir kréien immens Flamen an dat bréngt dat Battert mat, e verbrannte Geschmaach. An et besteet de Risiko dass Äschen an d'Luucht gewierbelt ginn a beim wäisse Fleesch gesäit een dat jo direkt, dann hu mer lauter gro-schwaarz Punkten drop. Wann ee wärend dem Grillen nach e bësse wëll nowierzen, da kann een dat roueg mat engem Pinsel maachen, esou dass näischt an d'Feier fält. Beim Fierkel gëtt oft Béier driwwer geschott, mä do ass ganz oft och d'Flam e bësse méi säitlech an da leeft de Jus einfach ënnen an eng Bidden."

Fësch ewéi zum Beispill Saumon, sollt een am Beschte mat der Haut op de Grill leeën, da pecht e net un. Scampien sollt een aus deem selwechte Grond net schielen ier se gegrillt ginn a beim Geméis sollt een oppassen datt dat net ubrennt.