Wëssenschaftlech konnt scho méi wéi eng Kéier bewise ginn, datt de Kontakt mat Déieren ee positiven Afloss op de Mënsch huet. Ëmmer méi gëtt op Ënnerstëtzung vun Hënn oder aner Déieren bei Jonk oder Al zréckgegraff. D’Sandra Mélan war an een Altersheim kucken, wéi do mat Therapiehënn geschafft gëtt.

05/05/2025 Therapiehënn (rtl.lu)

Fir z’évitéieren, datt d’Hënn all de selwechten Dag an der Woch an d’Haus Belle-Vue vu Servior kommen, gëtt et esouguer ee Genre Déngschtplang. Zu de 4 Muppen, déi all Woch op Iechternach kommen, gehéieren de Labradormëschling Nero an déi franséisch Bulldog Buddy. De Buddy ass och den éischten Hond, deen daf ass, deen an Däitschland als Therapiehond d’Prüfung bestanen huet. Sandra Stolz:

«Déi Formatioun goung iwwer 2 Joer fir all 2 Muppen, also fir jeeweils 2 Joer. An do gëtt ganz vill getest: Impulskontrolle, de Wesenstest ass ganz, ganz interessant, domat se eppes aushalen, oder wa si eng Kéier bësse bedrängt ginn oder sou, do drop gëtt hi geschafft.»

Dës Hënn kënnen a soziale Beruffer ënnert anerem bei Schoulmeeschteren , Psychologen, Ergotherapeuten an Orthophonisten hëllefen. D’Jeanne Bourg kënnt benevole ee bis zwee Mol d’Woch mam Puzzle an d’Haus Belle-Vue. De Mupp, ee Golden Retriever, ass vun ASA an ass vun HandiChiens als Assistenzhond ausgebilt ginn. Jeanne Bourg:

«Ma individuell Betreiungen entweder an den Zëmmere vun deene Leit, déi net kënnen an d’Aktivitéitsgruppe kommen, oder eben déi Aktivitéitsgrupp, wou mir dann déi verschidde Saache maachen, wéi d’Strëmp ausdoen, d’Händchen ausdoen, an duerch d’Reefer goen, wou d’Leit da mussen de Reef gutt unhalen. Dat ass dann och gutt fir d’Motorik vun de Leit. An duerno kënne si en heemelen, si kënnen en an den Aarm huelen, ee geet bei si op de Schouss.»

Am Haus Belle-Vue kann een als Bewunner säin Hausdéier matbréngen. Am Fall vun engem Hond, muss dee sozialiséiert sinn a sech mat den aneren Hënn a mam Personal verstoen, Sandra Steffes, Chargée de Direction:

«De Client ass selwer responsabel dofir datt e versuergt gëtt, datt en trëppele geet, fir alles propper ze halen. Da fir alles dat ze klären, gëtt et tatsächlech och een zousätzleche Kontrakt, wou mir dat och schrëftlech festhalen a virun Allem, d’Situatioun wann de Bewunner sech mol net méi ëm Déier ka këmmeren, wie kënnt de Mupp sichen, wann de Client zum Beispill mol an d’Klinik muss.»

De Plang B fir de Mupp muss also vun Ufank u fest stoen.