Dëst Joer ass de 25. Jubiläum vun der Filmserie "Final Destination". Dat war Grond genuch, fir e 6. Deel mam Thema "Bloodlines" erauszebréngen, dee muer uleeft. Den éischten Trailer beschreift op en Neits eng Rëtsch déidlech Accidenter. 

13/05/2025 Final Destination - Bloodlines

D'Studentin Stefani ass mat grausame Cauchemare geplot. An hiren Dreem gesäit si sech selwer an de 60er Joren duerch e schrecklecht Accident an engem Tuerm stierwen. Mat der Zäit erkennt si, dass déi Dreem net hiir eege sinn, ma Visioune vun hirer Groussmamm Esther, déi et viru 50 Joer fäerdegbruecht huet, dem Doud z'entkommen. Si hat deemools net nëmmen hiert eegent Liewe gerett, ma och dat vu villen aneren an der schlëmmer Katastroph.

Den Doud huet Gedold. An der Géigewaart mussen sech déi Iwwerliewend an deenen hir Nokommen op en Neits géint den Doud behaapten. Keen aus dem Stefani senger Bluttlinn ass sécher. Well d'Boma Esther mëttlerweil verstuerwen ass, steet d'Famill virun der schwéierer Aufgab fir d'Schicksal op eng aner Schinn ze bréngen.

„Final Destination - Bloodlines“ fiert déi laang Traditioun vun der Serie virun, d'Schicksal an den Doud als inevitabel Kraaft duerzestellen, déi sech hir Affer mat perfider Prezisioun hëlt. De Film bleift also dem Grondkonzept trei, bréngt awer duerch d'Verknäppung vun e puer Generatiounen an de Fokus op familiär Relatiounen eng nei Déift an Dynamik an d'Geschicht. Zum Cast gehéiere jonk Stare wéi Brec Bassinger, Theo Briones, Kaitlyn Santa Juana a Richard Harmon. Regie féieren Zach Lipovsky an Adam Stein.