
Nodeems „Mission: Impossible – Fallout“ 2018 déi beschte Reputatioun an der Serie erreecht huet, war séier kloer, dass weider Filmer komme sollten. Mat iwwer engem Joer Verspéidung kënnt dann elo den 8. Deel an de Kino a leeft bei eis iwwermuer un.
Seng Aarbecht fir d'IMF (Impossible Mission Force) huet dem Ethan Hunt alias Tom Cruise schonn esou munches ofverlaangt. Nodeems hien a säin Team op der leschter Missioun e Member verluer huet, hält en nach méi verbass u sengem Zil fest. Ma och wann den Ethan e wäertvolle Schlëssel an der Hand hu, mussen se nach d'Schlass fannen, wou en drop passt, fir der KI-Entitéit, déi déi gesamt Welt bedréit, d'Handwierk ze leeën.
Mam Gabriel hunn se net nëmmen e schreckleche Géigner géint sech, deen d'Katastroph weiderdreift, ma och e Mann, deen den Ethan nach aus der Vergaangenheet, virun senger IMF Karriär kennt. Domm, dass dat deen eenzegen ass, dee weess wou d'U-Boot versenkt gouf, dat eng komplett Eskalatioun nach evitéiere kann.
Genee wéi bei de leschten 3 Mission Impossible Filmer féiert op en Neits de Christopher McQuarrie Regie a virun der Kamera gëtt et eng nei Renconter mam Tom Cruise, deen zanter 1996 d'Gesiicht vun der beléifter Action Filmserie ass a mëttlerweil och als Produzent mat am Boot sëtzt. An der weiblecher Haaptroll ass d'Hayley Atwell an ausserdeem gehéieren och de Simon Pegg, Rebecca Ferguson an Henry Czerny mat zum Cast.