Den David Garrett huet d'Musekswelt ëmmer nees mat senge brillante Variatiounen op der Gei verzaubert. Am Laf vu senger Karriär, déi sech mëttlerweil iwwer 3 Joerzéngte streckt, huet e Millioune Mënsche mat senge klasseschen Interpretatioune begeeschtert an als eenzegaartege Crossover-Interpret d'Grenzen tëscht klassescher a populärer Musek verwëscht an nei Dieren opgemaach.

06/05/2025 David Garrett - Millennium Symphony World Tour

Elo gëtt et mat der Publikatioun vu sengem neien Album Millennium Symphony en neit Kapitel am David senger Karriär, wou d'Top Hits vun de leschte 25 Joer an impressionnant Klangwelten transforméiert ginn.

17 Alben huet de Museker schonn erausbruecht, déi alleng an Europa an an den USA 18 Top-Ten Plazéierungen erreecht hunn. Wärend 5 klassesch Albumen noeneen d'Charts bestëmmt hunn, ass em dëst Konschtstéck och mam Crossover-Bestseller Rock Symphonies gegléckt. Säin neien Album gesäit en dohier als seng perséinlech Crossover Evolutioun.

06/05/2025 David Garrett - Millennium Symphony World Tour 2

Wéi kaum en anere symboliséiert de Violonist a Komponist op sengem Millennium Symphony populär Musek mat symphonesche Kläng. Heirop sinn aus de leschte 25 Joer Megahits vu Rihanna, Ed Sheeran, The Weeknd, David Guetta an aneren internationale Staren.

D'Live-Inszenéierung vun dëse Wierker kënnt der de 14. Mee an der Rockhal materliewen.