Den Amerikanesche President Donald Trump hat virun e puer Wochen ugekënnegt de berüümte Prisong op Alcatraz nees opzemaachen. De Prisong läit op enger Insel viru San Francisco a war eng Verbannungs-Plaz fir déi "Schlëmmst vun deene Schlëmmen." Michèle Schons?

19/05/2025 Alcatraz - e Bléck an d'Geschicht

Seriemäerder, Kannerschänner, Schwéierverbriecher - all déi, déi eng aussergewéinlech Gefor fir déi "normal" Populatioun waren, goufen op d'Insel geschéckt. Kaum Dagesliicht a vill ze kleng Zellen hu scho bei der Ouverture 1934 zu Diskussioune gefouert. D'Konditioune wären onmënschlech huet et deemools geheescht. De Prisong gouf 1963 zougemaach. Net nëmme Gangsterlegende wéi den Al Capone ma virun allem Verbriecher, déi besonnesch geféierlech a gewalttäteg waren, oder och déijéineg, deenen e grousse Risk vu Flucht nogesot gouf, souzen op Alcatraz.

RTL

© pixabay

Vun 1934 bis 63 hu 1576 Prisonéier op Alcatraz hir Zäit hanner Gitter verbruecht. Plaz hat de Prisong fir 302 Verbriecher gläichzäiteg. Perséinlech Saache waren op der Insel net erlaabt an d'Prisonéier waren tëscht 18 an 23 Stonnen am Dag an hirer Zell. Déi war net méi grouss wéi 1,5m op 2,7m mat Lavabo, Toilette a Bett. Besuch hunn se nëmmen eemol de Mount kritt. An Isolatiounshaft koumen déijéineg, déi géint d'Reegelen am Prisong verstouss hunn, meeschtens an d'Zell, déi "The Hole" genannt gouf, dacks ouni Dagesliicht. Net just déi brutal kierperlech Behandlungen ma och de Manque u Kommunikatioun an d'Ofschottung vun der Baussewelt huet de Prisonéier zougesat.


RTL

© pixabay


Kaalt Waasser, déi staark Stréimung an och d'Distanz zum Festland hunn dofir gesuergt, dass de Prisong deemols zimmlech Ausbroch-sécher war. Bis haut ginn awer 5 Prisonéier vermësst a si warscheinlech erdronk. De Prisong gouf 1963 wéinst héije Betribskäschten zougemaach. En huet nämlech 3 mol esouvill kascht wéi all anere Prisong. D'Isolatioun op der Insel huet verlaangt, dass alles, Liewensmëttel, Stock, Waasser, Mazout etc, per Schëff op Alcatraz huet misste bruecht ginn. Haut ass Alcatraz eng berüümten Touristenattraktioun. Als Musée a Bréiplaz fir Vulle steet d'Insel ënner Denkmal- an Naturschutz a war Location fir e puer Hollywoodproduktiounen. 

RTL

© pixabay