
© afp
Iwwermuer (13/05/2025) fänkt déi 78. Editioun vum Festival vu Cannes un, deem bedeitendsten a renomméiertste Filmfestival op der Welt. Am Virfeld ass natierlech vill iwwert d'Weltpremière vum leschte Volet vu "Mission impossible", geschwat ginn, mee soss waren och d'Commentairen an der Fachpress iwwert d'Selektioun äusserst positiv. Den Joy Hoffmann kuckt op déi offiziell Selektioun no vir.
Dat kann ech nëmme bestätegen: et wimmelt nëmmen esou vu groussen a bekannten Nimm an alle Sektiounen, a wat de Kär vum Festival ugeet, also déi 21 Filmer a Kompetitioun, esou ass do e gudde Mix fonnt ginn. Zwee Drëttel si prestigiéis Nimm, déi schonn ëfters zu Cannes a Competitioun waren, wéi d'Gebridder Dardenne, den Iraner Jafar Panahi, de Richard Linklater, de Wes Anderson oder och d'Lynne Ramsay, déi normalerweis misst d'Jennifer Lawrence an de Richard Pattinson matbréngen.
E gudden aneren Drëttel si Filmer vu Realisateuren an Realisatricen, déi fir d'éischt derbäi sinn, wobei besonnesch di franséisch Actrice Hafsia Herzi, déi an de Quartiers Nord vu Marseille opgewuess ass, an déi onbekannten däitsch Realisatrice Mascha Schilinski opfalen. Domat ass emol erëm en däitsche Film a Kompetitioun, 8 Joer nom "Toni Erdmann", wa mer Abstraktioun vum Wim Wenders maachen, deen 12 x zu Cannes a Competitioun war.
Do si jo schonn elo e puer Fraen Nimm gefall. Gesäit et dann dëst Joer besser aus, well Cannes jo net bekannt ass fir de Fraen eng grouss Plaz anzeraumen.
Fir Festivaller wéi Cannes oder Berlin ginn esou eng 2 000 Filmer vun de Selektiounscomitéë visionéiert, an dovun si ronn 30 % vu Frae gedréint. A fir d'éischte Kéier huet Cannes dann och 1 Drëttel Realisatricen an der Competitioun. Zu deene schonn erwähnte Nimm, kënnt och nach zum Beispill d'Julia Ducournau derbäi, déi viru 4 Joer mat "Titane" d'Palme d'or gewonnen hat.
Di zwou bekannten amerikanesch Actricen, Scarlett Johansson a Kristen Stewart hunn et jeeweils mat hiren éischte Filmer dobäi och nach an d'Niewesektioun UN CERTAIN REGARD gepackt.
Interessant ass och ze kucken, wien onerwaart NET selektionéiert gouf. Den unerkannten däitsche Realisateur Christian Petzold, deen ëmmerhi 6x an der Kompetitioun zu Berlin war, huet et trotz dem franséische Sujet vu sengem Film iwwert de Maurice Ravel, net an déi offiziell Selektioun zu Cannes gepackt, a muss sech mat der "Quinzaine des Cinéastes" zefridde ginn. Och dem Terrence Malick säi Film iwwert d'Liewe vum Jesus war héich gehandelt ginn. Wat sech allerdéngs hannert de Kulissen ofgespillt huet, fir dass dem Jim Jarmush säin neiste Film, mam Cate Blanchett a Vicky Krieps, net zu Cannes ass, wäert wuel net schéi sinn erauszefannen. Fir d'Fachpress war hien ëmmer fest gesat, a fir den Jarmush wuel och. Hien huet esouguer uschléissend u Cannes, zu Paräis Concerte programméiert.
Soe mer nach zum Schluss, dass d'Juliette Binoche Präsidentin vum Jury ass, di franséisch Megastar Mylène Farmer bei der Ouverture sengt, an de Robert de Niro eng Éiere Palme d'or iwwerreecht kritt.
A Lëtzebuerger Koproduktioune sinn och erëm derbäi, méi doriwwer an engem nächste Reportage.