Muer geet et zu Cannes lass mam 78. Film Festival zu Cannes. Mir hate gëschter mam Joy Hoffmann allgemeng iwwert d'Selektioun vum Festival geschwat. Wéi gesäit et dann elo mat der Lëtzebuerger Participatioun. Si mer do erëm esou staark derbäi wéi di lescht Joren?

12/05/2025 Cannes Preview Lux Filmer
RTL

Matt zwee selektionéierte Filmer, een a Competitioun, en aneren an enger Séance spéciale, an dann nach mat engem Film mam Vicky Krieps als tête d'affiche, si mer an der Moyenne vun de leschte Joren. An et ass erëm, wéi esou oft, en Animatiounsfilm, deen ons, dank dem unerkannte Know- How vun de Lëtzebuerger Studioen, eng Selektioun a Séance spéciale abréngt. Fir de franséische Film "Marcel et Monsieur Pagnol" ass de Lilian Eche vu Bidibul en aktive Produktiouns Partner gewiescht an och  Doghouse Studio war am Asaz an den Toun ass och zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Am Film erzielt de Realisateur Sylvain Chomet, dee viru gutt 20 Joer de grousse Succès "Les Triplettes de Belleville" realiséiert hat, d'Liewe vum Marcel Pagnol....

Lilian Eche (Bidibul):

 "On parcourt toute sa vie avec des passages assez poussés sur la mort de sa mère, sa mère est morte quand il était assez jeune, sur la vie avec son père et son frère après, sur la création, donc, sur tout ce qu'il a fait au niveau théâtre, parce qu'il a commencé par le théâtre avant d'être connu au niveau roman et au niveau film. Et puis après, petit à petit, la partie où il est devenu réalisateur de films, où il a créé ses studios. Et donc, là, la vie de Pagnol est en parallèle de la vie du cinéma sonore." -  Evidemment, Raimu est dessiné et dans le film animé, mais aussi dans la partie images d'archives. Fernandel, pareil

RTL

A Competitioun leeft dann den iranesche Film," Un simple accident" vum Jafar Panahi deen och vu Bidibul , am Kader vum Cineworld Programme vum Lëtzebuerger Filmfong , finanziell ënnerstëtzt gouf. De Jafar Panahi zielt mam Saeed Roustaee, deen och an der Competitioun ass, a  mam Mohammad Rasoulof deem säi Film "The Seed of the Secret Fig" d' lescht Joer zu Cannes priméiert gouf, zu den dräi groussen oppositionellen iranesche Realisateuren, déi schonn all am Prisong souzen an Dréiverbuet hunn. All spillen se säit Jore Kaz a Maus mam Teheraner Mollah Regime, a besonnesch de Jafar Panahi, bréngt et ëmmer erëm fäerdeg heemlech am Iran ze dréinen, a seng Filmer eraus ze schmuggelen. Verständlech dofir och d'Aussoe vum Lëtzebuerger Produzent Lilian Eche.

Lilian Eche:

On n'avait pas de contact avec l'équipe et tout ça. Mais malheureusement, c'est que je ne peux rien te dire. Il nous a clairement demandé de ne pas parler du film, de ne pas donner d'informations, de lieux, de lieux de tournage, de lieux de résidence, de où il se trouve, où se trouve l'équipe. La seule chose que je peux te dire, c'est que le film est en compétition officielle.

Datt de Lëtzebuerger Filmfong esou Filmer ënnerstëtzt ass natierlech eng gutt Saach.
Ganz ouni de Filmfong kënnt allerdéngs d'Vicky Krieps aus. Si huet virun 3 Joer ganz diskreet eng eege Produktiounsfirma, Victoria Productions, zu Lëtzebuerg gegrënnt, fir Projete vu  jonke Realisatricen ze ënnerstëtzen, an a Filmer a Sujeten ze investéieren,fir déi si sech och als Actrice wëllt asetzen. Dëst ass de Fall fir de Film "Love me tender" vun der jonker franséischer Realisatrice Anna Cazenave Cambet, no deem zimmlech radikale Roman vun der Constance Debré, an deem eng Mamm sech als Lesbesch out, an da  fir d'Suergerecht vun hirem Bouf kämpfe muss. D'Vicky Krieps koproduzéiert also, a spillt d'Haaptroll an dierft sech fir hiren éischte Projet als Produzentin iwwer dës Selektioun an der Sektioun UN CERTAIN REGARD freeën.