
Den Owend kuerz virun hallwer 8 léiere mir an den Energie Tipps mat der Klima Agence op der Tëlee den Här Engel kennen, deen ass op der Sich no engem elektreschen Auto. Allerdéngs geet hien net an d'Garagë mä kuckt am Internet no Occasiounen.
Eng Occasioun, wann een dat emol volkswirtschaftlech kuckt, dann ass den éischte Besëtzer deen, deen de Präis erofdréckt. An deen zweete Besëtzer, dat ass deen, deen nach vun der Liewensdauer schëpfe kann. An dofir mech dat guer net, dass et eng Occasioun ass.
Fir dat präislech nach méi attraktiv ze maache gëtt et zanter leschtem Oktober och nach eng Primm vum Staat, de Peter Recking vun der Klima Agence.
Do si mer bei 1.500 Euro, do ginn et verschidde Konditiounen, op déi ee muss oppassen. Dat ass notamment, datt den Auto dräi Joer muss al sinn an et muss een en nach zwee weider Joer halen. Déi zweet Konditioun ass, datt den Auto nëmmen zu Lëtzebuerg immatrikuléiert war.
Deen Auto war ee "Coup de Coeur" fir den Här Engel, mee dat Wichtegst ass, dat rouegt Fueren, awer och manner Käschten duerch manner Revisiounen.
An de Risiko ass awer lo net héich bei enger Occasioun. Well d' Problemer vum Rascht, dovunner schwätze mer jo guer net méi, an dann ass dat eng Technik, déi sech selwer net esou stresst, déi huet jo keng Verbrennung, déi huet do keen Auspuff, déi huet keng Ofgasréckféierung, déi Deeler, déi an engem Verbrenner Deel vun der Maintenance sinn, déi gëtt et jo hei net. Hei leeft alles méi roueg.
A wéi ass et mat der Batterie? D'Lueden ass jo den A an den O, nach eng Kéier de Peter Recking.
et schéngt bei deene meeschten Hiersteller oder Batterie Hiersteller elo esou ze sinn, datt d' Degradatioun haaptsächlech an deenen éischten honnertdausend Kilometer duerch cheemesch Prozesser optrëtt an duerno sech am Fong relativ gutt stabiliséiert. Natierlech huet se manner Capacitéit wéi am Ufank, mee dee gréisste Creux, dee kënnt am Fong direkt am Ufank, bis d' Batterie e bëssen arodéiert ass, soen ech mol, an duerno ass am Fong de Risk, datt iech eppes vun der Batterie ass oder datt se méi schnell degradéiert wierklech reduzéiert.
Wien op Nummer sécher goe wëll, kann och no engem Battery-Health-Check froen. A fir de Rescht leeft et genee d'selwecht wéi wann een en thermeschen Auto an der Occasioun keeft. Méi doriwwer den Owend kuerz virum Journal op der Tëlee.