Enn Abrëll goufe nees di renomméiert an estiméiert Michelin Stäre fir d’Restauranten verdeelt. Mat 2 Stären gouf elo de Restaurant Louis Linster zu Fréiseng ausgezeechent. E ganz grousse Moment fir de jonke Chef, an de Christian Schmit hat hien dëser Deeg am Interview.


10/05/2025 Louis Linster 2 Stäre Michelin (MAT USO)

Felicitatiounen un de Louis Linster! Jo op der Kiche Veste vum Chef sinn elo di zwee Michelin Stären ze gesinn. Mee esou richteg realiséiert huet hien a seng Kiche Brigade et nach net?

Also et realiséiert een et net esou schnell. Elo hu mir mol erëm ugefaange ze schaffen, an et gëtt elo mol erëm alles normal.

Et hat e souwisou geplangt fir bei der Zeremonie zu Antwerpen dobäi ze sinn, mee erwaart hat e sech näischt. Gewonnert hat e sech just dass d’Lea Linster och invitéiert fir dohin.

Wat verännert sech elo am Restaurant a wat bleift?

RTL
RTL

Elo direkt näischt. Mir hunn elo just d'Reservatiounen limitéiert fir dass elo net zevill Undrang ass a mir propper kënne weider schaffen, an ech mengen elo di nächst 6 Méint hale mir elo mol dee selwechte Kapp wéi mir en elo haten, an dann denke mir eis eng Strategie aus fir Zukunft. Am Moment bleift alles d'selwecht.

Geplangt ass dass et baussen e Relooking vum Haus gëtt, an duerno och eréischt d’Plakett mat den 2 Michelin Stären ugeschrauft gëtt.

D’Madame un der Säit vum Stärekach an och am Restaurant ass d’Njomza Musli. 2022 ausgezeechent ginn als Hôtesse de l’année vun Gault&Millau.

Och en excellente Service ass wichteg?

Am Fong sollt jo an all Haus, an all Restaurant wou een iesse geet e gudden Service sinn. Mee ech menge wann een an e Stäre Restaurant geet, dann ëm esou méi. Di Roll gëtt ëmgesat kréien an ech eng gutt Ekipp hunn, an dat ass esou eng Saach déi den Guide Michelin gemierkt huet. Oft gëtt gesot si kucke just d'Iessen, an dat ass dat Wichtegst. Mee mëttlerweil huet dat och e bësse geännert. Alsi si kucke net nëmmen d'Iessen mee dat Ganzt.

Interessant och gewuer ze ginn dass et extreem schwéier wär ernuecht ze huelen wann Guide Michelin Jury Inspekteren am Restaurant sinn.

Du kanns et net ëmmer mierken. Wëll si hunn aner Strategien an och elo gewiesselt mat där neier Direktioun. Si reservéieren och elo heiansdo fir e Gebuertsdag, wou soll een do mierken dass et de Guide Michelin ass. Do kanns et mierken, mee net ëmmer.

An och scho virum zweete Stär stoung ëmmer de Gaascht a seng Zefriddenheet am Mëttelpunkt.

Als Stäre Kach wéi de Louis Linster ass e Kënschtler a Chef d’orchestre an enger Persoun?

Wëll eleng kritt een dat net hin, am Fong muss e just de Wee weisen deen e wëll goen. Mee wat och wichteg ass am Fong geholl an der Ekipp ze verstoe wien wat am beschte kann an si dann esou ze dirigéieren dass et dann zum Schluss dohi kënnt wou e wëll.

Et genéisst een elo di 2 Stäre Michelin Auszeechnung, an Ambitiounen fir en 3. ginn et elo emol keng.

Bravo nach eng Kéier vun eiser Säit.

Villmols Merci

RTL
RTL