
A wat deelt Dir dann esou mat den Noperen? Eng Méimaschinn? Eng Leeder? Ma zu Berbuerg deele sech 2 Noperen de Stroum.
Jo, Moien. Mäin Numm ass Veronique Wirtz a mir sinn hei zu Berbuerg. Ech sinn de Werner Giesser, mir sinn Noperen, een Haus weider zu Famille Wirtz. Mir hunn d'Chance datt mer ënner 100 Meter beienee sinn an datt mer kënnen effektiv de Stroum deelen.
An den Energie Tipps mat der Klima Agence den Owend kuerz virum Journal geet et also ëm Stroum deelen. Ënner 100 Meter kann een, maximal zu 3 Parteien, säi Stroum deelen et brauch een nëmmen ee Grupp de Partage unzemellen an scho gëtt de Stroum bridderlech gedeelt.
A mir hunn eng Anlag vun 22 Kilowatt Peak op eisem Daach leien, wat och vill méi ass, wéi mir brauchen. Wa mir dee lo natierlech un eise Fournisseur verkafen, kréie mir 4 Cent dofir. Wa mir en akafen, bezuele mer 23 Cent dofir. An dunn mer ausgemaach, datt mir dem Här Giessen, datt mir hinnen e fir 13 Cent Kilowatt Stonn verkafen.
Esou amortiséiert sech eng Anlag natierlech vill méi féx, d’Rechnung ass séier gemaach, d'Sarah Juchems vun der Klima Agence:
Am Prinzip all Mënsch, deen eng klassesch Photovoltaik huet, fir dee rentéiert sech d'Stroum deelen, well et einfach eng Win-win-Situatioun ass. Ech mengen op där enger Säit deen dee produzéiert, huet ëmmer en Deel am Dag, eng Produktioun, wou een net alles kann notzt, et ginn awer bestëmmt ëmmer Leit, déi kéinten de Stroum notzen, dass ee seet, et ass eng Win-win-Situatioun, anstatt dass ech mäin Iwwerschoss, deen ech selwer net notze kann, fir e puer Cent verkafen, kann ech e mat mengem Noper oder mat engem aneren deelen a kréien eeben dofir méi. A parallel déi Persoun déi mir am Fong de Stroum dann ofkeeft, muss eeben och manner bezuelen, wéi dat wat en elo fir säi Stroum bezilt, wann en iwwert de klassesche Wee akeeft.
Stroum deelen, eng intressant Alternativ, net nëmme fir deen deen deelt, zemools wann ee selwer net d'Méiglechkeet huet fir, zum Beispill, eng Solaranlag z'installéieren. D'Energie Tipps den Owend kuerz virun hallwer 8 op der Tëlee.