
© RTL / Raab ENTERTAINMENT / Julia Feldhagen
3x huet de Stefan Raab beim ESC schonn eng glécklech Händschen bewisen. 1998 ass fir de Guildo Horn eng 7. Plaz mat 'Guildo hat euch lieb' erausgesprongen. 2000 wollt hien et selwer wëssen a koum mat 'Wadde Hadde Dudde da' op d'Plaz 5 a 15 Joer sinn et hier dass hie mam Lena a sengem Lidd 'Satellite' den ESC gewonne huet. Wat reizt de Showveteran ëmmer nees, an iergend enger Form um grousse Museksconcours matzemëschen.
Dëst Joer wollt hien et nach emol wëssen an RTL an d'ARD hunn zesummen d'Sendung 'Chefsache ESC' an d'Liewen geruff, wou Talenter sech matenaner gemooss hunn. D'Geschwëster Abor&Tynna ginn elo e Samschdeg fir Däitschland an déi grouss Final. Wéi gesäit hien d'Chancen, nodeems et déi lescht Joren éischter moer bis ganz schlecht gelaf ass?
No der éischter Halleffinall gëschter an där 2. mam Laura Thorn muer um 21h, mellt de Raab sech ëm 20h15 vu Basel fir déi däitsch Perspektiv op den ESC z'ënnersträichen, awer net just dat huet hie wärend 2 Stonne wëlles.