Mickey Mouse plënnert an d’Wüüst – an dat net iergendwou, mee op Abu Dhabi! Disney huet annoncéiert, datt si en neie Fräizäitpark op Yas Island bauen an Zesummenaarbecht mat der lokaler Firma Miral. D'Céline Spithoven hëlt eis mat op eng kleng Rees an d'Vergaangenheet vun den Disney Parken an erzielt eis op wat mir eis an Zukunft freeë kënnen.

20/05/2025 Disney Abu Dhabi

Et ass schonn dee siwente groussen Disney-Resort weltwäit. Alles huet ugefaangen am Joer 1955, wéi den alleréischten Disneyland zu Anaheim a Kalifornien opgaangen ass -als eng Plaz, wou ‘Elteren a Kanner zesumme Spaass kënnen hunn’. Dëse Park war eng Revolutioun: eppes tëscht Kino, Stroossentheater a futuristescher Wonschwelt.

Dësen Erfolleg gouf séier kopéiert – vun Disney selwer. Walt Disney World a Florida huet 1971 d’Dieren opgemaach, an ass haut déi gréisst Fräizäitdestinatioun op der Welt. 1983 koum Tokio Disneyland, deen éischte Park ausserhalb vun Amerika dobäi. A mat Euro Disney – haut Disneyland Paräis – koum Disney 1992 an Europa. Dono koumen nach Hong Kong 2005 a Shanghai 2016 dobäi.

An elo also Abu Dhabi. D’Ukënnegung koum kuerz virum Besuch vum fréieren US-President Donald Trump an der Golfregioun. – eng Regioun déi sech ëmmer méi als internationale Fräizäit- a Finanzzentrum positionéiert. Den neie Park op Yas Island wäert vun der Firma Miral gebaut a bedriwwe ginn, ënnert Opsiicht vun Disney selwer.

Disneyland Abu Dhabi gëtt authentesch Disney – mee gläichzäiteg kulturell verankert an den Emiraten.“, esou eng Ausso vum Bob Iger, dem CEO vun Disney.

De Park soll also e Mix ginn: klassesch Figuren a Geschichten – mee och inspiréiert vun der lokaler Architektur, dem arabesche Mier an dem kulturelle Räichtum vun Abu Dhabi. Mee et geet net nëmmen ëm Nostalgie. Och Technologesch wëll Disney nei Weeër goen: laut dem Josh D’Amaro, Chef vun Disney Experiences, gëtt dëse Park dee modernsten a fortschrëttlechsten, dee si jeemools entwéckelt hunn. Virtual Reality, interaktiv Attraktiounen an innovativ Designkonzepter sollen d’Erfarung op en neien Niveau bréngen.“

Disney setzt mat Abu Dhabi op eng Regioun, déi sech ëmmer méi als Fräizäit- an Kulturzentrum etabléiert. Yas Island huet schonn ënnert anerem Ferrari World, Warner Brothers World an de Louvre Abu Dhabi. Disneyland passt also gutt an dës strategesch Entwécklung.“

An de Standuert huet nach en anere Virdeel: E soll Visiteuren aus dem Mëttleren Osten, Afrika, Asien an Europa unzéien. E Park fir Familljen, déi bis elo just mat groussem Opwand an d’USA oder aner Parke reese konnten, mat Ausnam vu Paräis fir eis natierlech, ma den neie Park ass eng no a praktesch Alternativ.