De Festival ass kaum zwee Deeg al, an den Joy Hoffmann huet schonn ee vun de wuel méigleche Kandidaten op d'Palme, oder op d'mannst fir an de Palmarès gesinn.

16/05/2025 Festival Cannes: Sound of Falling, Partir un Jour & Mission Impossible

"Sound of falling" ass den 2. Film vun der quasi onbekannter däitscher Realisatrice  Mascha Schilinski, a krut direkt groussaarteg Kriticken, haaptsächlech vun der angelsächseger Presse. Déi franséisch Filmkritiker, dunn sech do oft méi schwéier.

RTL

 De Film verzielt iwwert 100 Joer d'Geschicht, vu 4 Kanner respektiv ganz jonke Meedercher, zu  verschidden Epochen, an engem ale Bauerenhaus um Land,  dëst  ouni konventionell dramaturgesch Struktur, an ouni, dass di Meedercher sech  jee iergendwéi  begéinen. Wat se allerdéngs verbënnt, ass de Bléck, deen se op sech werfen, an op hir meeschtens grausam, traumatisant  Ëmwelt: Blécker an Erliefnisser déi se oft duerch Associatiounen, Visioune mee och reng kierperlech schéngen iwwert di 4 Epoche gemeinsam ze deelen,  an an  deenen se schénge gefaangen ze sinn. Den Doud schéngt oft den eenzegen Auswee, an ass dann eppes wat se permanent beschäftegt.
 
"In die Sonne schauen", (den dätschen Titel vum Film) ass eng Aart gespenstescht däischtert a faszinant Gedicht, e Bléck an dat scholdgeluedend Däitscht kollektiv Ënnerbewosstsinn, villschichteg, komplex an exigent. E Palmarès ouni dëse Film kann een sech schlecht virstellen. A dat schonn um éischten Dag.
 
Am Géigesaz zum "Sound of Falling"  sinn di franséisch Kriticken erstaunlech positiv, fir deen dach éischter mëttelméissege Ouvertures Film, de Musical  PARTIR UN JOUR vum Amélie Bonnin.  Di vill gesongen Zeenen ( et gëtt net gedanzt) matt bekannte Lidder vum Stromae, Dalida , Michel Delpech, Claude Nougaro, oder och Axelle Red, bréngen et net fäerdeg e bësse Pepp an déi éischter konventionell Geschicht ze bréngen. Eng héichkaräteg Kächin vu Paräis, stellt hiert Liewen a Fro, wéi se zeréck an d'Provënz muss fir am Restaurant vun hiren Elteren auszehëllefen an hire Jugendfrënd erëm begéint.

RTL

Grad esou onoriginell, par definition, géif ech hei soen, ass de warscheinlech leschten Episode vun der Franchise "Mission impossible". Fir e Festival ass et natierlech eng Prestigesaach esou eng Weltpremière a Presenz vum Tom Cruise ze presentéieren. 

Bei "Mission impossible" weess ee wat een zerwéiert kritt. Ech froe mech allerdéngs ob d'Fans vum Film begeeschtert wäerte sinn, vun de laangen a repetitiven Explikatiounen, déi gutt eng Stonn vum Film parasitéieren, iwwert wéi genau den Tom Cruise dës Kéier nees d'Welt rett. Besonnesch ironesch, zu den haitegen Zäiten, ass dass um Enn eng lucid, rationell an humanistesch amerikanesch Präsidentin, am läschte Moment d'Nuklear Apokalypse ofwiert.

RTL

Béid Filmer "Mission impossible" an "Partir un jour" kommen des Woch respektiv di nächst zu Lëtzebuerg an de Kino.