Den éischten Drëttel vum Filmfestival zu Cannes huet den Joy Hoffmann esou lues hannert sech, fir de Moment nach ouni Lëtzebuerger Filmer. Wéi gesäit en éischte Bilan aus?

19/05/2025 Festival Cannes

Souwäit ech mech erënneren, schéngt dëst mer, bis elo, ee vun de beschte Festivaller ze sinn, di ech  jee erlieft hunn.
Mir haten Iech an onsem leschte Reportage schonn iwwert den excellenten  an héich originellen däitsche Film "The Sound of Falling" geschwat. Hei nach e puer weider Beispiller.

Bal nach méi percutant an total iwwerraschend  ass de spuenesche Film vum Olivier Lax "SIRAT".  E Familljepapp a säi Bouf, schléissen sech enger Grupp vu 6 exzentresche Raver un, fir e laangen Tripp duerch d'Marokkanesch Wüst, Direktioun  eng Rave Party, wou se hoffen déi verschwonnen Duechter erëm ze fannen. Wat alles, total onerwaart , op dës  Communautéit zoukënnt, kann een hei onméiglech spoileren.

RTL

Wann ee mat Momenter Referenzen u Filmer wéi "Mad Max" oder besonnesch "Le Salaire de la Peur" fënnt, esou ass SIRAT mat senge groussaartege Landschaftsbiller weit ewech vun engem  klasseschen Aventuresfilm. SIRAT ass eng Art oppressant,  existenziell Odyssee an enger apokalyptescher Weltënnergangstëmmung, déi de Spectateur wuertwiertlech bei den Träipen hëlt.

Béid Film sinn  net aus dem Palmarès ewech ze denken.

RTL

Villäicht manner maîtriséiert, mee total ausgeflippt an 'over the top' ass och de Film EDDINGTON vum amerikanesche Realisateur Ari Aster mam Joachim Phoenix an Emma Stone. E beschreift, an enger klenger Stad a New Mexiko  wéi zur Zäit vum Covid, den éischte 'Black Lives Matter' Demonstratiounen, de Conspiratiouns Theorien a rietsextremer Waffegewalt, e Sheriff total duerchdréint.  Et ass eng radikal Satire op en hysteerescht Amerika, ausser Kontroll, op dat mer histeiere kéinten.
 
Di zwee franséisch Filmer a Competitioun, déi mer bis elo gesinn hunn, sinn dogéint méi konventionell, an trotzdeem an hirem Genre iwwerzeegend.

Den drëtte Film vun der Actrice Hafsia Herzi  LA PETITE DERNIERE ass e Coming of age, zugläich awer och e Coming out Fim.

RTL

Mat vill Sensibilitéit beschreift se d'Emanzipatioun vun enger éischter verschlossener jonker lesbescher a gleeweger Moslemin. De Film weist, dat éischt onséchert Eruntaaschten, déi éischt grouss Léift, d'Andauchen an d'LGBT Communautéit. Et ass en onspektakulären an touchante Film, deen de gängegen dramatesche Clichéë vum Genre aus dem Wee geet.

RTL

DOSSIER 137 vum Dominique Moll ass e klassesche Policier. D' Léa Drucker enquêtéiert hei iwwert Poliziste Kolleegen, déi wärend de Manifestatioune vun de Gilets Jaunes e jonke friddlechen Demonstrant  muttwëlleg mat engem Flashball schwéier blesséiert hunn. De Film beliicht, vun alle Standpunkten aus, di quasi insurrectionell  sozial Revolt vun de Gilets Jaunes a besonnesch d'Thema vun enger iwwerfuerderter a gehaasster Polizei, déi, leschten Enns quasi ëmmer onbestrooft dervu  kennt. E spannende sozialen a politesche Film.