
© MTP Events
Dëse Weekend steet zu Mënsbech nees alles am Zeeche vun den historesche Gefierer. Dat am Kader vun der 3. Editioun vun de Classic Days. Hei kréien d'Amateure vu Motorsport an Oldtimer genuch ze gesinn, Thierry Schloesser:
"Dëst Joer si mer bei knapps 80 Autoe fir de Motorsport a bei den Oldtimer si mer elo mëttlerweil scho bei e bësse méi wéi 250 Umeldungen, dat heescht mir wäerte rëm wéi d'lescht Joer op 820 bis 850 Autoe kommen déi di 2 Deeg bei eis kommen."
Jiddereen deen en Oldtimer doheem huet, kann de Weekend mat dësem op Schëtter op de Site kommen. Idealerweis mellt ee sech awer virdrun un:
"Mam Umelle si mir ganz frou well mir kënnen dann eng Lëscht maache wéi vill Plazen mir reservéiere fir déi déi ugemellt sinn an da wësse mir och an der Entrée genee wéi vill Leit nach erafuere kënnen déi net ugemellt sinn. Wann Dir Iech wëllt umellen, dat geet iwwer classicdayschetter@gmail.com. Schreift Ären Numm, de Modell vum Auto an da kritt Dir eng Äentwert vun eis mat enger Nummer."
An déi gitt Dir dann an der Entrée of. Tëscht all deenen historesche Gefierer wäerten et awer och e puer "special Guests" ginn:
"Am Motorsport hu mer en Audio Quattro S1 vum Walter Röhrl, ech menge jiddereen deen e bësse Bensinn am Blutt huet, kennt deen Numm. Mir hunn Autoe vum Michèle Mouton do stoen, vum Stig Blomqvist, vum Jean Ragnotti a vum Sébastien Loeb hu mer souguer de Weltmeeschterschaftsauto do stoe wou en déi éischte Kéier Weltmeeschter ginn ass. Sonndes hu mer e ganz groussen Highlight, dat ass e Porsche 917 vum Steve McQueen vun 1971 dee bei eis kënnt."
Et gëtt deemno genuch ze kucken. E Sonndeg steet dann ënnert anerem och e Concours d'Elegance um Programm:
"Géint 15 Auer wäert en agreéierten Expert vun eis d'Autoe kucke goen an da mécht dee sech Lëschten. Mir hunn 3 Kategorien an et ginn 3 Präisser pro Kategorie gemaach. Dat gëtt relativ spannend well mir wierklech vill verschidde Kategorie vun Autoen hunn déi kommen. Et gi ganz schéi Präisser ze gewannen an d'Iwwerreechung fänkt um hallwer 5 owes un."
Et fueren e Samschdeg an e Sonndeg dann och reegelméisseg Navetten déi iech bequeem op de Site an och nees zréck op de Parking bréngen. Den Entrée fir d'Classic Days zu Schëtter dëse Weekend ass iwwregens gratis. Weider Informatioune fannt Dir op Facebook ënnert "Classic Day Schëtter".