Dëse Sonndeg wäert sech d'Esplanade zu Réimech nees fir een Dag an eng riseg, soe mer mol, Spillplaz verwandelen. Dat am Kader vum Weltspilldag deen den 28. Mee 2000 vun der UNO an d'Liewe geruff ginn ass.

27/05/2025 Weltspilldag zu Réimech

Wat een hei erwaart, erkläert d'Natascha Salomon vun der Erzéiungs- a Familljeberodung, AFP-Solidarité-Famille déi dës Aktioun schonn zanter ville Joren, zesumme mat direkt e puer Partner, organiséieren:

"Mir hu verschidde Stänn well mir verschidde Partner hunn déi hier Spiller an Aktivitéiten ubidden. Mir hunn och verschidden Aktivitéiten déi mir ubidde wéi zum Beispill Museksinstrumenter wou kënnen ausprobéiert gi wou d'Leit kënnen op musikalescher Aart a Weis a Kontakt kommen, awer och XXL Spiller zum Beispill. All Famill, Grouss a Kleng, sinn invitéiert deen Dag déi positiv Effekter vum Spill hautno ze erliewen an Ureegunge mat heem ze huelen a vläicht och an der Famill auszeprobéieren. Doduerch kënnen d'Famillen Iddien oder vläicht och Impulser kréie mol nees al Spiller auszepaken oder neier ze entdecken."

D'Iddi hannendrun ass et d'Recht vun de Kanner a Jugendlecher op d'Spillen an de Fokus ze setzen. Spille suergt engersäits fir schéi Momenter zesummen an erfëllt anerersäits och gläich e puer pedagogesch Ziler a fërdert och Kompetenzen déi fir d'Liewen onverzichtbar sinn.

"Et ass jo bekannt, dass d'Kanner duerch d'Spille léieren, besonnesch wa si imitéieren, ausprobéieren an awer och duerch gemeinsam Erfarungen. Elteren an Erzéiungsberechtegter spillen dobäi eng wichteg Roll fir d'Entwécklung vun de Spillfäegkeete vun de Kanner. Zesumme spillen hëlleft hinnen zum Beispill sozial, geeschteg an emotional Fäegkeeten ze entwéckelen. Wann Elteren hiert Kand begleeden, seng Initiativen a Spill-Iddie wouer huelen a benennen, ënnerstëtze si et säi Selbstbild zum Beispill ze entwéckelen a stäerken dobäi seng Selbstwahrnehmung."

An natierlech an dat ass och ganz wichteg, kënne beim Spille schéi Momenter an der Famill erlieft ginn. De Weltspilldag zu Réimech adresséiert sech dann och un déi ganz Famill:

"Mir hu jo verschidde Partner déi verschidde Saachen ubidden, verschidde Spiller, Spill-Iddien a sou weider. Eigentlech ass et en Dag fir déi ganz Famill. Also vu Bebe bis grouss sinn do keng Grenze gesat."

Rendez-vous fir de Weltspilldag, wéi gesot, dëse Sonndeg zu Réimech op der Esplanade, dat tëscht 12 a 17 Auer. Den Entrée ass iwwregens gratis!