Kleng Kanner, kleng Suergen, grouss Kanner, an de Recht ass bekannt. Bei Honn ass dat net aneschter, obwuel Muppen, a wann se nach sou kleng sinn och hirem Meeschter vill Kappzerbrieches maache kënnen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth mat engem akute Fall aus der Praxis.

De Metty war nach keng Woch bei senger neier Famill wéi de Misär lass goung: bal hat de klenge Welpen de Kurrivitti, bal war e verstoppt an dertëscht huet hien sech iwwerginn. Wéi seng Leit do ugeruff hunn, wou si hien kaaft haten, e grousse Betrib, wou dem Metty seng Rass 'Cairn Terrier' nëmmen eng vun e sëllege war, déi do ugebuede goufen, krute si gesot, dat wier da vläicht de Fudderwiessel, a bei hinnen wier hien nach kärgesond gewiescht.

Romi Roth - Parasitten bei Mippercher - Problem

Wéi de Mippchen ugefaangen huet an engem Stéck ze hicken an och staark no wëllem Knuewelek ze richen, huet ee mat e bësse Googelen am Internet fonnt, dat kéinten dann emol Spullwierm sinn. 

De Metty gouf dunn mat engem Wuermmëttel traitéiert, dat d´Apdiktesch am Fong esou ouni Rezept schonn net eraus gi wollt. An dunn ass de Misär eréischt lass gaangen: Dee butzege Ritt konnt op eemol iwwerhaapt kee Stull méi maachen. An der Praxis, wou seng Leit hien endlech en urgence bruecht haten, gouf  séier fonnt firwat: duerch d´Onmass ofgestuerwe Wierm, déi wéi e Friemkierper a sengem Darm stieche bloufen, hat hie carrement eng Obstruktioun, een Daarmverschloss. Awer och ganz vill Gléck am Ongléck: mat Medikamenter fir den Daarmkramp ronderëm de Parasitteknuet ze léisen an e puer Baxteren war hien séier erëm fit. Seng Leit wäerten hiren  zweeten geplangte Mupp elo awer an den Asyl oder bei e seriéisen Ziichter siche goen.

Romi Roth - Parasitten bei Mippercher - Léieren