
Et ass ouni Zweiwel eng vun de gréisste Partyen op der Welt. Tomorrowland zu Boom, net wäit ewech vun Antwerpen, an der Belsch. De Festival ass fir seng extravagant a kreativ Bünen, fir déi dausende Leit do virdrun an natierlech och d'Kënschtler aus der elektronescher Danzmusek-Zeen bekannt. Dëst Joer gëtt och erëm op 2 Weekender gefeiert, vum 18. bis den 20. Juli a vum 25. bis de 27. Juli. An dës Kéier mat engem Lëtzebuerger am Line-Up.
Den Nosi, Eric Nosbusch, huet et gepackt. Nach am Hierscht d'lescht Joer huet hien am RTL Afterwork geschwäermt datt Tomorrowland ee vun senge gréissten Dreem wier.
Dës Woch ass dee Wonsch an Erfëllung gaangen. Et ass offiziell; den Nosi leet um Tomorrowland op. Fir de jonke Lëtzebuerger geet et Schlag op Schlag; am Januar säin Optrëtt beim LSC mam Remake vu Poupée de Cire Poupée de Son, seng Single "So Good" déi Millioune Mol gestreamt ginn ass an een Optrëtt nom aneren, ganz rezent nach beim LOA-Season-Opening um Belval. An elo?
T O M O R R O W L A N D........
An dowéinst hat de Radio den Nosi an de Studio geruff.