Den 78. Festival vu Cannes geet den Owend Enn mat der Proklamatioun vum Palmarès op en Enn. De Joy Hoffmann huet déi 22 Filmer a Competitioun all gesinn. Deemno Zäit fir e Bilan an eventuell Favoritte fir d'Palme d'Or.

24/05/2025 Festival Cannes

A 45 Joer Festival vu Cannes, kann ech net un esou e gutt Joer erënneren, wéi dëst. Naja...et huet een och villäicht munches vergiess.

Mee virun allem, datt ech héchstens 2 -3 Filmer an der Competitioun wierklech net gutt oder nerveg fonnt hunn, ass schonn exceptionell.

Deen eenzege Film, dee, besonnesch bei der franséischer Kritik richteg duerchgefall ass, ass ALPHA vum Julia Ducournau, déi virun 3 Joer d'Palme d'Or  fir "Titane" krut. Perséinlech sinn ech do net esou streng. Dëse wuel erdréckende Film, behandelt dach op eng ganz intensiv Manéier Thema vun der Exklusioun, duerch d'Ae gesinn vun engem jonke Meedchen, dat wärend enger Sida/Covid änlecher Pandemie och nach mat der Drogenofhängegkeet vu sengem Monni confrontéiert gëtt.

Soss kruten d'Favoritte vun en éischten Deeg, den däitsche Film  SOUND OF FALLING a besonnesch de spuenesche Film SIRAT, iwwer déi mer scho geschwat hunn, seriö Konkurrenz vum Brasilianer Kleber Mendoza Filho sengem SECRET AGENT, iwwert en Ingenieur, deen ënnert der Diktatur a Brasilien an de 70er Joren Opfer vun Optragskiller gëtt. De Film beschreift op iwwerzeegend Manéier di opprimant Atmosphär vu Korruptioun a Persecutioun; en ass awer  ze laang, a verléiert sech an ze vill Niewepisten, éier en dann zum Schluss zu engem spannenden Thriller gëtt.
 
Niewent deem ganz dramateschen an excellent inzeenéierten iranesche Film WOMAN AND CHILD vum Saeed Roustaee,  huet och den Norweger Joaquim Trier  säi Film SENTIMENTAL VALUE voll iwwerzeegt: Hei geet et ëm déi schwiereg Relatiounen tëschent engem Papp a sengen erwuessenen Duechteren, déi am Kader vun engem Filmprojet vum Papp voll zum Virschäi kommen.
Hei muss ech ophéieren, well soss misst ech nach eng hallef doze weider Filmer excellent zitéieren.

De groussen an total berechtegte Favorit ass awer den Iranesche Film vum Jafar Panahi UN SIMPLE ACCIDENT, dee mer, och als Lëtzebuerger Koproduktioun, scho  besprach hunn. Niewent all de filmesche Qualitéite vun dësem radikale regimmkritesche Film, géif eng Palme d'Or och villäicht hëllefen, de couragéierte Realisateur e bësse viru méigleche  Représaillen duerch déi Teheraner Ayathollaen ze schützen. Matt esou engem Choix u gudde Filmer dierft de Jury ënnert der Presidenz vun der Juliette Binoche, sech eigentlech kee Faux Pas leeschten. Mee et weess ee jo ni.