Och am Summer ass een net sécher virun engem Houscht oder Schnapp. Mä huelen ech dann d'Bazooka aus der Hausapdikt, mat anere Wierder d'Antibiotiquen oder waarden ech einfach bis ech ausgeschnoffelt a gehouscht hunn? Den Dr Nico Haas mengt, dass näischt maachen och näischt bréngt, op alle Fall an der Dauer.

Mee sécher ass, dass een aus Erfarung weess, dass bei Houscht a Schnapp ganz dacks e Virus Schold drun ass, an dann hëlleft den Antibiotique näischt. Méi wéi 80% si Virussen, dann gëtt et nach aner Forme wéi Mykroplasmen an nëmme 4-5 Prozent si wierklech richteg Germen, déi en décken Antibiotique brauchen, deen spezifesch ass fir ze verhënneren, dass et eng Longenentzündung gëtt.

27-05-2025 Houscht a Schnapp - Dr Nico Haas (1) Virus schëlleg

Wann en vill houscht ass et wichteg, dass den Dr een oflauschtert an d'Parameteren hëlt fir ze kucken ob et schlëmm oder net schlëmm ass. Zu Oxford op der Uni hu se sech d'Fro gestallt ob et eppes hëlleft wann een Hausmëttel asetzt fir géint Houscht a Schnapp virzegoen, zB Hunneg?

Hunneg ass eng komplex Substanz, wou vill Saachen dran sinn, an deemno wéi sinn Akazien dran, t'ass Eukalyptus dran, oder et si méi Dännenextrakter dran. T'ass net nëmmen einfach Zockerwaasser, an do hu se erausfonnt, en ass effikass op de Schnapp, op den Halswéi, den Hunneg hëlleft an d'Pëllen, déi ee kritt, bréngen net méi, an do geet et och duer mat Salzwaasser ze guergele fir dat ze reduzéieren.

27-05-2025 Houscht a Schnapp - Dr Nico Haas (2) hëlleft Hunneg

An de Reklammen heescht et jo ëmmer, huelt de Produit X oder Y an de Schnapp ass direkt fort. Geet d'Dauer mam Hunneg och erof?

Hunneg an Houscht, wann een dat mat Placebo vergläicht, sinn et zwee Deeg manner, an t'ass weider kee Risiko derbäi wann een et hëlt. Bei de Kanner gëtt et net genuch Etuden, mä et mengt een awer, dass d'Qualitéit vum Schlof an de 'bien être' an d'Luucht ginn.

27-05-2025 Houscht a Schnapp - Dr Nico Haas (3) Dauer geet erof