
An elo gëtt et eppes op d'Oueren! Wien dëser Deeg an der Philharmonie passéiert ass, deem ass e vläicht schonn opgefall, dee Cube aus Holz wou een invitéiert ass e Klangerliefnes am Dolby Atmos Sound ze erliewen.
Wann net an der Philharmonie, wou soss fir en exzellent Klang Erliefnes ze hunn. Net nëmmen am groussen Auditoire mee eben och elo an engem klenge Studio am Hall. Dolby Atmos Sound Qualitéit kennt e schonn, mee déi soll och elo an eisen Autoen anzéien. A genee dat gëtt hei an deem Raum simuléiert.
Den Adrien Franky dee fir Dolby zu Paräis schafft erkläert eis wat et dann elo bedeit dee Sound ze erliewen?
La grande différrence c'est plutôt d'être en face de la musique, on est vraiment à l'intérieur. Donc comme un chef d'orchestre. On est vraiment dans l'intérieur de la musique, une nouvelle façon de faire l'expérience et de vivre en fait et de faire partie.
An déi Sound Sensatioun dann och elo am Auto, awer fir de Moment éischter a Limousinnen vum Luxus Segment, oder?
Pour le moment, Dolby Atmos, comme toute nouvelle technolgie était déveleoppé dans les voitures haut de gamme. On doit avoir un certian nombre d'enceintes, si on compare cela au format Stereo avec deux, il fallait beaucoup plus pour pouvoir restituer au mieux le sin imméersif. Mais de plus en plus évolué on voit qu'il ya un vrai interêt, une vraie demande, donc on arrive maintenant à proposer ce format immérsif avec de moins au moins de canaux pour pouvoir le restituer.
An och a Saache Budget réckelt den Dolby Atmos och an eng méi accessibel Präis Skala, natierlech virausgesat et wëll een déi Optioun u Bord hunn.
Un certain budget pour le moment, mais on pense qu'on va avoir de plus plus succès avec l'immérsif, et qu'on pourrai accéder avec des voitures moins luxueuses quoi.

Elo da mol wann dir wëllt an deem Dolby Studio an eiser Philharmonie, dee bleift fir di nächst 2 Joer op där Plaz.
Ze lauschtere kritt een do Opnamen déi vum Orchestre philharmonique du Luxembourg enregistréiert goufen. Déi sinn ganz houfreg fir hunn dierfen un dësem Projet matzeschaffen.
Deen Dolby Atmos Studio gouf an Zesummenaarbecht mat Mercedes-Benz realiséiert, an deenen dat Klang Erliefnes schonn ugebuede gëtt, a jo och Partenaire officiel vun der Philharmonie sinn.

