Gëschter huet se offiziell ugefaangen, d'Pride Week 2025 bei där et drëms geet der LGBTIQ+ Community méi Visibilitéit ze ginn a géint Virurteeler ze kämpfen. Nach bis nächste Samschdeg sti fir de Grand Public eng sëllegen Evenementer an deem Kader um Programm.

05/07/2025 Luxembourg Pride 2025: De Programm

Gëschter huet se offiziell ugefaangen, d'Pride Week 2025. Nach bis nächste Samschdeg stinn an deem Kader fir de Grand Public eng sëllegen Evenementer um Programm. Ugefaange mat enger Table ronde den Owend zu Esch am Resistenz-Musée bei där et ëm d'Roll vum Glawen an der queerer Community geet. E Méindeg ass et dann op der selwechter Plaz un der traditioneller Commémoratiouns-Zeremonie bei där den Affer vu queer-phober Gewalt geduecht gëtt. Nieft Kino, enger Ausstellung a Virliesungen an dem Pride Run, gëtt et och nees dat grousst Street Fest dat dëst Joer e Freideg um 16 Auer lass geet. Dat wéi gewinnt mat engem gutt gefëllten Programm, Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg:

"Mir sinn extrem frou, dass dëst Joer dee bekannten däitschen DJ "Alle Farben" drun interesséiert war fir op Lëtzebuerg ze kommen. Begleet gëtt "Alle Farben" vu lokalen Dje wéi zum Beispill de José Sanchez oder den DJ Pippa. Gläichzäiteg hu mer dann och nach eng Rëtsch u Performance wéi zum Beispill Drag Queene wéi d'"Madame Yoko" oder d'"Donna DelaStrada" an déi däitsch Drag-DJ Bambi Mercury wäert do sinn."

Samschdes geet et da géint Mëtteg weider. An do ass et déi mëttlerweil traditionell Parad, déi sougenannten Equality March, déi den Optakt maache wäerten:

"D'Equality March wäert um Samschdeg sinn, dat ab 13 Auer. Dat heescht um 13 Auer geet se beim Bâtiment 4 lass a soubal se zu Esch op der Gemengeplaz ukënnt, wäert dann och d'Stroossefest respektiv de Büne-Programm op der Plaz do lass goen."

An do erwaart de Visiteur e ganz Koup Animatioun:

"Mir hunn dëst Joer nees 2 Bünen, dat heescht mir hunn op där enger Bün an der rue Hélène Buchholz de ganzen Dag reservéiert fir DJen aus Lëtzebuerg, do ass et ënnert anerem wéi och den Dag virdrun de "José Sanchez", den "DJ Pippa", "Dance Divine" an d'"Miss Sappho" dobäi genee sou wéi d'"Crystal O", eng Lëtzebuerger Drag Queen déi mëttlerweil zu Wien lieft. An op der Haaptplaz virum Gemengenhaus do hu mer da Gruppe respektiv Sängerinnen a Sänger wéi ënnert anerem "C Karma" an eisen nationalen Headliner den "Adriano Selva" deen ee bis viru kuerzem nach ënnert dem Numm "CHAILD" kannt huet."

De ganze Programm vun der Pride Week an dem Street Fest, mat den Auerzäiten, fannt Dir op