Wat wier dat gutt wann een elo schonn e bësse Vakanz hätt! Dës ganz Woch huele mir iech mat an d'Vakanz a stellen iech eng Destinatioun am Detail vir. Et geet a Richtung Spuenien, op eng Insel. Et ass net Mallorca, mä déi kleng Schwëster. Fir eis op der Plaz ass de Loïc Juchem. Hie selwer kennt d'Insel och net a léiert se quasi mat eis zesumme kennen. Dat Bescht un der ganzer Saach, dir kënnt och nach eppes gewannen. Um Enn vun der Woch spréngt nämlech fir ee vun eisen Nolauschterer eng Rees op Menorca eraus, dozou awer elo geschwënn e bësse méi. De Loïc zielt eis elo mol fir d'éischt op wat ee sech dohannen da freeë kann.

07/07/2025 Menorca - d'Touriste si begeeschtert

Eng Rees op Menorca gëtt et dann dës Woch och ze gewannen. Eng Woch All-Inclusive mat Vol vu Lëtzebuerg kritt de Gewënner. Maacht eng SMS mat Stéchwuert "Menorca" op de 62468 - fir 50 Cent de Message.

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL