
Menorca war an der Geschicht ënnert anerem an den Hänn vun de Britten oder och de Fransousen an dat fënnt een och nach haut op der Insel erëm. Dës Woch ass de Loïc Juchem zu Menorca ënnerwee a probéiert eis, déi nach manner bekannten Destinatioun virzestellen. Menorca ass déi roueg Schwëster vu Mallorca an huet eng quasi onberéiert Natur an alles an allem eng 120 Plagen. Dat si méi Plagë wéi Mallorca an Ibiza der zesummen hunn. An hirer Haaptstad Mahòn do huet een einfach enger fantastescher Kuliss um Bord vum Waasser, mat ville klenge Restauranten a Baren. Dertëscht fällt dann awer och dee lokal Fëschmaart op, deen haut awer vill méi ass, wéi just eng Plaz wou Fësch verkaf gëtt.
Eng Rees op Menorca gëtt et dann dës Woch och ze gewannen. Eng Woch All-Inclusive mat Vol vu Lëtzebuerg kritt de Gewënner. Maacht eng SMS mat Stéchwuert "Menorca" op de 62468 - fir 50 Cent de Message.




