Summer endlech! Fir vill vun eis déi schéinsten Zäit vum Joer. Wier do net dat Gedéiesch, dat ee pickt a bäisst! Wien dovunner betraff ass, weess vu wat mir schwätzen. Mustiken an Zecke kënnen engem d'Liewe schwéier maachen.
Konzentréiere mir op déi butzeg Déieren, ugefaange mat den Zecken. Dës kënnen FSME iwwerdroen. Wat sech hannert deene Buschtawe verstoppt, erkläert d'Doktesch fir Infektiounskrankheeten am CHL a vun der Travel Clinic, Thérèse Staub.

15/07/2025 Zecken, Mustiken an Impfungen
RTL

© pixabay.com

Dat ass eng Frühsommer-Meningoenzephalitis, das ass esou eng Krankheet, wou ee Féiwer huet. 30 % vun der Leit duerno, eng Woch duerno, haten eng Encephalite, also eng Entzündung vum Gehier. FSME gëtt dat schonn laang, awer déi Zone, wou dat ass, dat verbreet sech e bëssen an Europa. Hei am Land hate mir och keen eenzegen Fäll. Déi eenzeg Fäll, déi mir hunn, dat si Leit, déi aus dem Ausland kommen.  

De leschte Fall war 2023 zu Lëtzebuerg an déi Persoun koum aus Schweden oder Litauen. Also zu Lëtzebuerg gouf et bis elo kee Fall, datt eng Bëschzeck dëse Virus iwwerdroen hätt. Sou gesinn bréicht een d'Impfung, well et gëtt eng dergéint, just wann een dann an déi Zone fiert, wou d'Zecken dee Virus iwwerdroen, Beispill Éisträich an dann hänkt et och nees dovunner of wou genee ee geet.
Also, wann een zum Beispill op Wien geet, brauche mer dat net ze maachen. Awer déi Leit, déi wandere ginn an Éisträich sollte sech besser impfe loossen. Et gëtt och FSME am Norde vum Italien, an der Slowakei, am Norde vum Europa, a Schweden. A Schweden hu si ganz vill Fäll den Ament. Och Litauen, Estland oder wa mir a Süddeutschland ginn, a Bayern, och ginn et vill Fäll. An am nooste bei eis, wéi am Saarland sinn och e puer Fäll. Ma bei eis zu Lëtzebuerg hu mir ëmmer gekuckt, mir hunn awer nach kee fonnt.

Wat geschitt da wann een de Virus vun der FSME dann elo kritt?
An de meeschte Fäll geet et gutt aus. Also d'Leit si krank, si hunn Féiwer, hu Kapp wéi, mussen sech iwwerginn, an dat dauert an e par Deeg an duerno geet et besser. Bei e puer Leit, déi méi al sinn, kann et zu Komplikatioune kommen, et kann een och dru stierwen oder et kann ee Sequelle behalen.

Et gëtt keen Traitement dergéint. D'Doktesch Thèrèse Staub seet och, datt een den Androck huet, datt dës Zecken amgaange sinn sech ze verbreeden, déi dëse Virus iwwerdroe kënnen. Dofir soll ee virsiichteg bleiwen a sech genee oftaaschten a kucken, wann een aus dem Bësch kënnt oder aus der Wiss, ob een net esou e Bluttsëffer un der Haut huet. Oder et léisst ee sech impfe fir op Nummer sécher ze goen. 

All Joers ginn Etüde gemaach fir ze kucken ob och zu Lëtzebuerg d'Zecken den FMSE Virus oder d'Bakterie vun der Borreliose iwwerdroe kënnen. Déi lescht Zuelen hu gewisen, datt zu Lëtzebuerg keng Zeck den FSME-Virus hat. Allerdéngs d'Bakterie vun der Borresliose schonns.

Si maachen dëst Joer erëm déi selwecht Studien, wou si ganz vill Zecke siche gi fir de ze kucke wat fir Virussen a Bakterien an den Zecke sinn.

RTL

© pixabay.com

Konzentréiere mir eis elo d'Borreliose , also d'Malade de Lyme.
Maladie de Lyme ass eng Maladie vun enger Bakterie, déi heescht Borrelia an déi gëtt et zu Lëtzebuerg. Wann déi Zecken ee bäissen, kënnen se dat iwwerdroen, mä dat geschitt net automatesch. Dës Zeck muss laang do sinn, viru 24 Stonnen ass de Risiko ganz kleng. Also muss ee kucken, wann een eng Zeck huet, dës ewech ze huelen. An da kann een an de Wochen duerno, bis sechs Wochen, eng rout Plaz hunn, ëm d'Bëschzeck wou déi war. An dat gëtt ëmmer méi grouss an duerno geet et ewech vu selwen, awer dat dauert e puer Wochen. Dat kann een och net iwwersinn. Ausser et huet een dat um Réck oder um Kapp, da kann een dat net gesinn. Dann duerno kënnt een an enger aner Phas, wou d'Leit e Probleem mat de Gelenker hunn, si kënnen och en neurologesche Probleem hunn, dat kënnt duerno.

Géint d'Borreliose kann ee sech net impfe loossen.

Et gouf eng Impfung virun 20 Joer an déi gouf et an Amerika. Déi ass awer nees erausgeholl ginn, well déi war net wierklech effizient. Awer et sinn elo 2 Laboratoiren, déi preparéieren en aner Impfung. An déi kënnt an e puer Joren, denken ech, eraus.

Sollt een dann eng Borreliose erwëschen, kann ee sech mat Antibiotik hëllefen. Dat dann am beschte mat ärem Dokter ofklären. 

Vun der Zeck bei d'Mustik, och déi kënnen esou munch Krankheeten iwwerdroen.

RTL

© pixabay.com

Zielt Dir och zu deene Mënschen, déi dacks vu Mustike gepickt ginn? Firwat deen een an deen aneren net gepickt gëtt, do scheede sech nach d'Geeschter. Mir interesséieren eis elo och éischter fir d'Krankheeten, déi si kënnen iwwerdroen.  Zanter e puer Joer gesäit een nieft de Mustiken, déi mir soss hei zu Lëtzebuerg esou kennen, och Tigermustiken.

Déi Tigermustiken iwwerdroen e puer Krankheeten, déi normalerweis an den Tropen sinn. Et gëtt den Zika, et gëtt de Chikungunya an et gëtt den Dengue. A fir den Ament hu mir keng vun dëser Krankheet zu Lëtzebuerg kritt, déi do iwwerdroe gi wieren. Et si just Fäll vu Leit, déi dee matbruecht hu vun iergendwou anescht.

An anere Wierder, mir hu wuel dës Tigermustiken, awer si hunn nach näischt iwwerdroen.
Nee, well déi mussen ee picken, dee krank ass an dann en anere picke fir dës Krankheet ze iwwerdroen. Well déi Leit, déi esou eng Krankheet hätten, hei seele sinn, kënne se dës Krankheet net iwwerdroen.

Och wa mir zu Lëtzebuerg keng Fäll elo haten, sollt ee virun der Vakanz awer wëssen, datt et a Südfrankräich, Spuenien an Italie e puer Fäll vun Dengue gouf. D'Symptomer si wéi bei enger Gripp an et gëtt kee spezifescht Traitement dergéint. Wéi ass et do mat der Impfung?
Et gëtt eng Impfung géint Dengue, zanter 2-3 Joer elo, et ass eng nei Impfung. An den Ament impfe mir nëmme Leit, déi scho mol den Dengue kritt hunn. Also déi Leit, déi fir 3 Joer elo an e Land wëlle goen, wou vill Dengue ass, déi kënne sech impfe loossen, wa e da scho mol Dengue haten. Mir sinn e bëssi virsiichteg, well mir net wëssen, ob déi Leit, déi keen Dengue haten a mir se dann impfen a se dann Dengue kréien, ob et dann net méi schlëmm gëtt. Et gëtt nach net vill Studien dofir.
** Rezent goufen et am Elsass, Nordfrankräich an am Südweste vun Däitschland Fäll vu Chikungunya. Erwëscht een dee Virus, huet een och grippetypesch Symptomer, wéi héicht Féiwer, Kapp a Glieder wéi.

Mustike kënnen och Malaria iwwerdroen, awer do kann ee Pëllen am Virfeld huele fir sech ze schützen.
Fir méi Detailer iwwer weider Krankheeten, déi Mustiken iwwerdroe kënnen, do kuckt een am beschten um Internetsite vun der Travel Clinic.

RTL

© pixabay.com

Nieft senger klenger Apdikt fir an d'Vakanz mat Plooschter, Desinfectant an och eppes géint de Sonnebrand, sollt ee virum Reesen och checken, ob ee selwer genuch geschützt ass, also kucken ob den Impf-Carnet up to date ass.

Also et muss een en Règle si mat sengen Normalimpfungen, dat heescht Tetanus, Diphtherie, Polio, déi mir hei am Land all 10 Joer maachen. A wann een aus Europa geet, muss ee géint d'Hepatitis A geimpft sinn. Dat heescht eng Gelbsucht, déi vum Waasser an der Ernärung kënnt. An dat gëtt et iwwerall baussent Europa. Onwuel hu mir dëst Joer e bëssi méi Fäll och an Europa, an Éisträich, an Tschechien , Ungarn an an der Slowakei hu se méi Fäll wéi virdrun.
 
Déi Impfunge kann een och bei sengem Hausdokter ganz einfach maachen, dofir muss een elo net an d'Travel Clinic extra kommen.
Do ginn et dann aner Impfungen, wou een dann an d'Travel Clinic muss, dat ass fir Gelbfieber, fièvre jaune. Also Gelbfieber gëtt et just an Afrika, wann och net a ganz Afrika, dann a Südamerika an e par Länner, awer et gëtt Gelbfieber gëtt et net an Asien.

An dann natierlech hänkt et och dovunner of, wat fir eng Vakanz ee mécht.
Ob een do elo an e chicken Hotel fir 5 Deeg geet oder ob een eng Weltrees fir 6 Méint oder 1 Joer mécht, kritt een och aner Impfungen. Zum Beispill Typhus oder et kann ee sech impfe loosse géint Tollwut, wann ee mat Déiere schaffe wëll oder ee vill Kontakt mat Déiere kréie kann. An da gëtt et och nach Impfung géint d'Encéphalite japonaise, déi gëtt et da fir Asien.

Esou wäit d'Spezialistin fir Infektiounskrankheeten am CHL, d'Doktesch Thérèse Staub. Fir méi extra Impfunge fir e spezifescht Land am beschte sech un d'Travel Clinic wennen.