Eng Woch laang dréint sech hei um Radio alles ronderëm Menorca, mir maachen iech net nëmme Loscht op dës Destinatioun, mee verspillen och nach eng Rees op déi 2. gréisste Balearen-Insel. Wann een da bis do ass, dann heescht et natierlech och déi lokal Kiche schmaachen. De Loïc Juchem war déi lescht Deeg a Spuenien ënnerwee an huet zu Menorca och déi traditionell Kiche geschmaacht. An enger Institutioun ass hien elo op Besuch.

09/07/2025 Menorca - D'Iesse vu Menorca

Eng Rees op Menorca gëtt et dann dës Woch och ze gewannen. Eng Woch All-Inclusive mat Vol vu Lëtzebuerg kritt de Gewënner. Maacht eng SMS mat Stéchwuert "Menorca" op de 62468 - fir 50 Cent de Message.

Am Restaurante Moli d'es raco kritt ee lokal Spezialitéiten ze schmaachen. An enger aler Mille kann een an engem ganz rustikale Kader d'menorcanesch Kichen genéissen.

D'Adress: Carrer de la Verge del Toro, 1, 07740 Es Mercadal, Illes Balears

RTL
RTL
RTL
RTL