
Bekannte Kéis, hiren eegene Gin, wonnerschéin Buchten, Plagen a Wanderweeër a schéi Stied - wien dat sicht dee muss onbedéngt emol op Menorca. De Loïc Juchem war déi lescht Deeg a Spuenie gereest an huet sech d'Insel am Detail ugekuckt an huet eis Villes mat op de Wee ginn, wat een do kann erliewen. Kayak um Mier, mat de Päerd iwwert d'Plage reiden - jee d'Méiglechkeete sinn immens grouss. De Loïc huet awer op der Plaz och eng Lëtzebuergerin getraff.
D'Vanessa ass zanter Mee Guide zu Menorca a bleift nach bis Oktober op der Insel. Den Interview hu mir am Parc Natural de s'Albufera d'Es Grau gemaach.
Eng Rees op Menorca gëtt et dann dës Woch och ze gewannen. Eng Woch All-Inclusive mat Vol vu Lëtzebuerg kritt de Gewënner. Maacht eng SMS mat Stéchwuert "Menorca" op de 62468 - fir 50 Cent de Message.



