Dës Woch verspille mir hei um Radio eng Rees op Menorca, ze gewanne gëtt et en Openthalt vun enger Woch op der Insel. Mat LuxairTours geet et a Spuenien an de LUXIClub Insotel Punta Prima Resort & Spa. Et ass dee gréissten Hotel op Menorca, mat alles an allem enge 498 Kummeren. Piscinne, Restaurant, Waasserpark, also alles wat Famille fir eng gelonge Vakanz brauchen.

08/07/2025 Menorca - Den Hotel Insotel Punta Prima Resort&Spa

A wann Dir un enger Vakanz, ALL IN, op Menorca intresséiert sidd, da schéckt eis eng SMS mam Stéchwuert MENORCA op de 62468 fir 50 Cents de Message. D'nächst Woch e Méinde géint 20 vir 9 am RTL Wecker gëtt de Gewënner vun dëser Rees gezunn.