Wa mir mam Auto an d'Vakanz fueren, gi mir normalerweis nach séier hei zu Lëtzebuerg den Tank fëllen éier et op d'Rull geet. An do brauche mir eis hei am Land net weider de Kapp ze zerbriechen. Éischtens well de Sprit hei méi bëlleg ass wéi bei eisen Noperen an zweetens awer och well et hei keng Ënnerscheeder am Präis ginn jee nodeems wou een tankt.

16/07/2025 Am Ausland tanken

Am Ausland ass dat allerdéngs eng aner Saach, Frank Maas vum ACL:

"Den duerchschnëttlechen Tarif um Weltmaart ass 1,27 US Dollar pro Liter fir de 95 Octane. Virun allem an Europa ginn et awer grouss Disparitéiten, dat geet zum Beispill vum gënschtegen 1,23 Euro an Andorra oder 1,27 Euro a Polen bis zu däitlech méi deieren 1,91 Euro an Dänemark. Dozou muss ee jo och nach bedenken, dass et grouss Variatiounen ënnerhalb vun engem bestëmmte Land ginn. Déi Leit déi mam Auto an d'Vakanz fueren, solle sech am Beschten am Viraus iwwert d'Präisser informéieren. Déi verschidden Tariffer fënnt een iwwregens op acl.lu."

An der Reegel ass et an deene meeschten europäesche Länner méi deier fir den Tank op der Autobunn ze fëllen.

"D'Service-Statiounen op de groussen Achsen applizéieren dacks méi héich Tariffer, dat well d'Exploitatiounskäschte fir de Bedreiwer eventuell méi héich sinn a si natierlech och vum Zoulaf profitéieren, ëmsou méi an der Vakanzenzäit. Dobäi kënnt et net seele vir, dass d'Präisser op den Autobunnen ëm ongeféier 10% iwwert deem leie wat an den Uertschaften oder an der Peripherie gefrot gëtt. Am einfachsten ass et mat verschiddenen Applikatioune wéi "Waze", "Essence&Co" oder "Gas Buddy" no de gënschtegste Statiounen ze sichen."

Generell gëllt et ze antizipéiere wann een an d'Ausland fiert, egal ob een tankt oder den elektreschen Auto luet. Dat fir eng Panne ze evitéieren.

"Dann och oppassen éier een tankt wann d'Beschrëftung vläicht net déi selwecht ass wéi zu Lëtzebuerg. Heiansdo ginn et am Ausland och Reduktiounen um Sprit, zum Beispill iwwert eng Kreditkaart oder bei Supermarchéen. Et soll een awer och bedenken, dass a ländleche Géigenden verschidde Statiounen Owes an Nuets zou sinn."

Wat och zimmlech blöd ka si falls dann och keng Méiglechkeet besteet mat der Kaart op der Sail selwer ze bezuelen. Ma wann ee sech am Virfeld organiséiert, ass et méiglech iwwert grouss Distanzen u Bensinn oder Diesel ënnerwee ze spueren.