Deen een oder anere vun Iech deen alt mam Auto a Frankräich ënnerwee ass, huet et vläicht scho mol begéint. E blot Stroosseschëld mat enger wäisser Raut drop. E Panneau deen et hei bei eis am Land net gëtt, deen awer bei eise franséischen Noperen ëmmer méi dacks ze gesinn ass.

16/07/2025 Raute-Schëld a Frankräich

Firwat dat Schëld gutt ass, erkläert eis de Frank Maas vum ACL:

"De bloe Panneau mat enger wäisser Raut gëtt et a Frankräich op verschidden Autobunnen oder Stied wéi zum Beispill zu Lyon. Déi Bunn op där de Panneau steet, ass reservéiert fir de Covoiturage, dat heescht et mussen op mannst 2 Leit am Auto sëtzen. Fir Motorrieder gëllt et och , hei muss och e Passagéier Plaz drop fannen. Weiderhin kann dës Bunn och vun Taxien, Busser an elektreschen Autoe mat enger Vignette "Zéro Emission" benotzt ginn. Esou eng Vignette gëtt et hei zu Lëtzebuerg net."

Déi franséisch Regierung wëll esou Fuergemeinschaften fërderen a fir manner Stau suergen. Donieft soll eben och d'Ëmwelt manner belaascht an den Ausstouss vun CO2 verréngert ginn. Verschidde Fuerspuere kënne bei vill Verkéier temporär fir dës Kategorie vu Gefierer reservéiert ginn. Anerer si permanent zu bestëmmten Zäiten oder 24 Stonnen op 24 dofir reservéiert.

Sollt een dës Bunn mam Raute-Schëld benotzen ouni dass een déi opgezielte Krittäre respektéiert, kann dat iwwregens bis zu 135 Euro kaschten.