Wann ee mam Auto an d'Vakanz fiert, sollt ee wëssen, dass verschidde Stied sougenannten Ëmwelt-Vignetten am Gebrauch hunn.

14/07/2025 Ëmwelt-Vignette am Ausland

Wann ee mam Auto an d'Vakanz fiert, sollt ee wëssen, dass verschidde Stied sougenannten Ëmwelt-Vignetten am Gebrauch hunn. Dat ass zum Beispill bei eisen direkten Noperen an Däitschland an a Frankräich de Fall. Frank Maas vum ACL:

"Ëmmer méi Stied applizéiere Restriktioune fir Gefierer mat Verbrenner-Motor. An Däitschland gëtt déi sougenannten "Ëmweltplaquette" a verschiddene Stied gefrot, a Frankräich ginn et "Zones à faible émission mobilité", ZFE genannt. Weider Länner hunn erëm aner Exigenzen."

Fir a Frankräich an enger Ëmwelt-Zon ze fueren, muss ee sech eng Crit’Air-Ëmweltplackett kafen. Dës Vignette ass a 6 Kategorien ënnerdeelt déi duerch ënnerschiddlech Faarwen an Nummere gekennzeechent sinn. D'Kategorie vun der Crit-Air-Vignette hänkt vum Typ vum Gefier, vun der europäescher Emissiouns-Norm a vum Datum vun der 1. Immatrikulatioun of. An Däitschland brauchen d'Autofuerer sou eng Vignette, well zanter 2008 bal 50 Ëmwelt-Zonen ageriicht goufen. Nëmme Gefierer mat der richteger Plackett  däerfen an dës Zonen erafueren, mat Ausnam vun den Autobunnen. Firwat ëmmer méi Stied sou Restriktiounen applizéieren, huet natierlech e gudde Grond:

"Et gi Reglementatioune fir d'Stied wou e gewëssenen Feinstaub-Level zougelooss ass. Wann deen iwwerschratt ass, dann hunn d'Stied eigentlech och keen anere Choix wéi esou Mesuren unzewenden."

Fir ze wësse wou wéi eng spezifesch Ufuerderunge gëllen, kann ee sech am Viraus un den ACL wenden.