
© pixabay.com
Wie mam Auto an d'Vakanz fiert, soll virun an awer och no der Rees en Check up vu sengem Gefier maachen.
Op laange Strecke kënnen nämlech net nëmmen d'Nerve vun de Passagéier am Auto mee och d'Technik strapazéiert ginn. Dofir ass et wichteg direkt e puer Parameteren am Auto ze kontrolléieren éier et op d'Rull geet. Frank Maas vum ACL:
"Wichteg sinn d'Niveauen am Allgemengen, dat heescht de Motorueleg, d'Kill- a Bremsflëssegkeet an och de Lave-glace. Bei de Pneuen ass et den Zoustand, si se net beschiedegt, ass genuch Profil drop, ass de Pneu net ze al? De Loftdrock soll een natierlech der Charge och upassen. A mir bidde beim ACL och e Vakanz-Test u bei deem all déi wichteg Baudeeler vum Auto virun enger Rees kontrolléiert ginn. Sou kann een eng Pann vermeiden an et kann een och berouegt an d'Vakanz fueren."
D'Batterie da reagéiert net nëmmen op d'Keelt empfindlech mee och op d'Hëtzt. Grad eeler Semester si mat der Zäit manner performant.
"D'Batterie läit an der ACL Pannestatistik op éischter Plaz, ass also nach wie vor déi heefegst Pann. Et geet ee prinzipiell dovunner aus, dass d'Batterien haaptsächlech am Wanter leiden, héich Temperature sinn awer grad sou schiedlech an dofir bidde mir och am ACL Diagnostic Center extra e Batterie-Test un."
Ma och d'Klimaanlag sollt een net vergiessen. Wann dës net méi kal bléist, dann ass et Zäit Killmëttel nozefëllen oder awer no enger eventueller Fuite ze kucken.
A wann d'Vakanz da bis eriwwer ass, da sollt een awer och nach eng Kéier e méi intensive Bléck op säin Auto werfen.
"Am beschte soll een nom Retour nach eemol d'Niveauen checken an dann natierlech och de Loftdrock rëm upasse well ee jo dann nees mat manner Charge fiert. A wann een och eng Daach-Box huet, soll een déi natierlech och erofhuelen."
Am Fall wou een dann awer sollt eng Panne hunn am Ausland, da rifft een den ACL iwwert d'Telefonsnummer 26000 un, dee këmmert sech dann ëm déi ganz Organisatioun vum Depannage. Virausgesat et ass ee Member.