Aktuell misste jo déi meescht vun Iech d'Summerschlappen um Auto hunn an dat ass och gutt esou, well wann d'Temperature sou héich klamme wéi verschidden Deeg a leschter Zäit, dann ass dat fir e Wanterpneu net wierklech gutt.

17/07/2025 Summerpneuen um Auto

Aktuell misste jo déi meescht vun Iech d'Summerschlappen um Auto hunn an dat ass och gutt esou, well wann d'Temperature sou héich klamme wéi verschidden Deeg a leschter Zäit, dann ass dat fir e Wanterpneu net wierklech gutt. Frank Maas vum ACL:

"Et muss ee bedenken, dass d'Asphalt-Temperaturen och extrem héich sinn. Dann ass et esou, dass de Wanterpneu u sech vun der Mëschung ze mëll ass fir nach ënnert optimale Konditioune bei sou Temperature kënnen ze schaffen. Dat heescht, do gëtt wierklech de Bremswee méi laang an och d'Geschwindegkeet an de Kéiere sinn net méi déi selwecht. D'Usure vum Pneu ass méi grouss a wann een elo wierklech wäit a laang esou géing fueren, kéint een och de Pneu zerstéieren, dat heescht de Profil léist sech e bëssen op an ass herno als Wanterpneu och net méi ze benotzen."

Dat selwecht geschitt awer och wann den Drock an de Pneuen net dee richtegen ass.

"Den Drock soll ee reegelméisseg kontrolléieren. Et ass esou, dass den Drock deen am Auto uginn ass u sech de Mindestfüll-Drock ass. Wann een den Auto elo awer luet, zum Beispill fir an d'Vakanz ze fueren, ass meeschtens en extra Drock deen uginn ass fir dëse Konditiounen eben entgéint ze wierken. Dat heescht, deen ass an der Reegel da méi héich."

Wéi een Drock fir wéi eng Pneuen op sengem Auto dee richtegen ass, fënnt een entweder an der Dier vum Chauffeur, am Tankdeckel oder soss eben an der Gebrauchsuweisung vum Auto.

A wann de Pneu muss ersat gi well en op en Enn kënnt, dann ass dann net ëmmer sou einfach bei deem grousse Choix deen et um Marché gëtt.

"Fir d'Saach ze vereinfachen, hu mir vum ACL aus bei eis um Site Tester vun de Pneuen. A wat interessant ass, ass, dass bei de Pneue verschidde Krittäre getest ginn, zum Beispill de Bremswee, wéi gutt se an de Kéiere sinn, wéi vill Geräisch se entwéckelen, d'Ofnotze vun de Pneuen, wéi se bei Aquaplaning reagéieren. Wat do ebe flott ass, ass, dass ee sech e Pneu kann eraussiche par Rapport zu deene Krittären déi fir ee selwer wichteg sinn."

Och wann et hei zu Lëtzebuerg net verbueden ass mat Wanterpneuen ze fueren, sou sollt ee sech ebe bewosst sinn, dass dat keng gutt Iddi ass. Ma och Summerpneue sollte qualitativ héichwäerteg sinn a gutt behandelt gi fir laang kënnen hiren Déngscht ze leeschten.