Am Summer ass et nawell gäre waarm dobaussen. Dat huet de Summer ebe sou u sech. Ma net nëmmen an der fräier Natur spiert een d'Hëtzt mee och an nach vill méi wann een an den Auto klëmmt dee matten an der Sonn stoung. An do ass et dann direkt de Grëff op d'Klimaanlag fir d'Gefier sou séier wéi méiglech ofzekillen.

17/07/2025 Auto am Summer ofkillen

Ma éier een dat mécht, soll ee fir d'éischt mol kucken déi waarm Loft sou gutt wéi méiglech erauszekréien, Frank Maas vum ACL:

"Als éischt ass et gutt, wann een dann d'Méiglechkeet huet, fir d'Diere ganz opzemaachen, vläicht och d'Mall, sou, dass sou vill wéi méiglech Duerchzuch ass fir deen Hëtzestau dee bei dësen Temperaturen am Auto ass, mol erauszekréien. Dann, wat een net däerf maachen, dat ass de Motor op der Plaz lafe loosse mat der Klimaanlag un, dat ass verbueden. Do ass eisen Tipp éischter deen, wann een ufänkt mat fueren a mat niddrege Vitesse fiert da mat de Fënsteren op, a sou bal d'Vitess méi héich gëtt, ab 50-60 Kmh, d'Fënsteren zoumécht an da mat der Klimaanlag fiert. Bei méi héijer Vitesse mat de Fënsteren op, gëtt d'Aerodynamik esou ongënschteg, dass de Kraftstoff-Verbrauch klëmmt."

An da wier et nach dësen Tipp:

"Vläicht fir da mol déi éischt Kilometer just iwwer Ëmloft, also Recycling-Air ze fueren, da brauch déi Loft net ëmmer erëm ofgekillt ze ginn."

Wann een d'Klimaanlag umécht, sollt een drop oppassen, dass den Ënnerscheed vun der Temperatur tëscht bannen a baussen net ze grouss ass well do kann ee mol krank ginn

A wann ee mol stoe bleift fir séier eng Kommissioun maachen ze goen, sollt ee bei waarme Wieder och weder Leit nach Déieren am Auto zréckloossen. Sollt een awer mol matkréien, dass Mënschen oder Déieren matten an der Sonn am Auto agespaart sinn, da muss een net onbedéngt d'Pompjeeë ruffen:

"Do kann ee bei eis den ACL ruffen, de Virdeel dovunner ass, dass mir den Auto kënnen opmaachen ouni en ze beschiedegen, och wa mer kee Schlëssel hunn. Dat heescht, mir brauchen och keng Fënster anzeschloen."

Ëmmer méi Butteker erlabe jo mëttlerweil well de Mupp zum Beispill mat eran ze huele bei waarmen Temperaturen. Dat ebe grad fir liewensgeféierlech Situatiounen ze evitéieren. Wann et geet, sicht ee sech eng Plaz am Schied oder et stellt ee säi Gefier, wann et da méiglech ass, an eng Garage.