
A léieren esou de Nico Walisch an de Marc Roeder kennen. E bëssche verstoppt an der Montée fir erop bei d’Schlass do leie si um Fouss vun der Buerg. An sech am Kader vun engem Projet fir D’Valoriséierung vum Site.
Hei ass dem Nico Walisch säin zweet Doheem?
Mir sinn och elo am gaang Onsiichtbares siichtbar ze maachen, an do war dann eben de Wéngert e vun den Themen. A wëll ech schonn doheem e Wéngert hat, hu si mech ugefrot agesot komm du hëllefs eis fir deen unzeplanzen. A bis elo hunn ech d'Arbecht nach bal all selwer gemaach.
Hei ass dem Nico Walisch säin zweet Doheem.


Ech ka mech als éischte Wënzer aus dem Norden bezeechnen. Schonn 2013 hunn ech dee Wäi Bierg ugeluegt, wëll eben fréier ëmmer hei Wäi war, an dee leschten ass hei bis ëm 1930 verkaf ginn.
Fir wéi eng Drauwestéck huet e sech decidéiert?
Do uewe beim Schlass de steet de Florial, mee do hu mir nach net geschmaacht, wëll d'lescht Joer ware just dräi véier Grappen drun. Dee Wéngert steet jo och eréischt 2 Joer, an do waren deemols 4 Ministeren fir deen anzeweien, also wann dat kee gudde Wäin gëtt, da wees ech et och net.
A beim Veiner Wënzer doheem ass hannert dem Haus och e ganz géie Wäibierg?


Do steet Cabernet blanc, an deen hu mir gesat wëll dee jo soll net vill gesprëtzt musse ginn.
An aus deem Cabarnet blanc gouf och ganz gudde Crémant déi mir och konnte schmaachen.
Anescht wéi op der Musel stinn d’Riewen hei op Schiefer Buedem, wat de Cru vum Charakter hir éischter un d’Wäiner vun der däitscher Saar erënnert.
Dem Nico Walisch säi Wäin a Crémant kritt eeen iwwregens net ze kafen?
De Veianer kritt e net ze kafen, dee kann een hëchstens tauschen. Also do sinn och Leit déi soen ech wëll denges Wäin an do hu mir eng Etikett gemaach, net Vins d'Alsace, mee Vins en face, wëll deen op de Wéngert gesäit. An dat mecht da virwetzeg fir dee Wäin ze schmaachen. An dee Wäin ass vun engem Beigeproften, dofir heescht en och Béiprof, wëll kënnt do een aus dem Minett heiroper fir eis ze weise wéi e Wäin mecht.
D’Etiketten iwwregens handgemolt vu séngem Brudder.


