
Genee an dat beim Marc Roeder, eben zu Tandel. Deen bewirtschaft e groussen Aussiedlerhaff, an deem säi Wangert steet gläich niewendrun.
Mir hunn en Deel hu mir elo direkt beim Heemechtshaus stoen, an en Deel op der Fourenerknupp stoen wou mir dann och op de Schiefer kommen wéi hei zu Veianen wat da soll e speziellen Aroma ginn. Ech hunn 2019 ugefaang mat engem Solaris eng nei Zort déi och Pilz resistent ass, dat heescht déi dann och net muss géint Ongeziefer behandelt ginn.
Jo den Terroir am Norde vum Land ass e ganz anere wéi laanscht d’Musel.

Dat ass wat e bëssche speziell ass. Den Terroir mécht jo de Goût, dat kenne mir vun de berümte Wäiner aus dem Saarland di um Schifer och stinn. Op der Musel gëtt et kee Schifer, mir kënnen hei mat deem glänzen. Dee probéiere mir elo an d'Flesch ze kréien. Extreem mineralesch, an dat mécht di gutt Wäiner wéi de Riesling aus, a wat mir dann elo probéiere no ze maachen.
An de Wäin vun Tandel ass nach méi e raren Artikel wéi di vu Veianen?
Di éischt Joeren, mir fänke jo elo mol un auszebauen. Mir haten an de leschte Joeren ëmmerhin e bësschen eppes kritt. Ausser d'lescht Joer wou mir ganz vill Schued hate mam Erkalen, an 2021 wou mir Knëppelsteng haten. Mir sinn dëst Joer ganz optimistesch, wëll si ganz schéi stinn.
Mir hu wonnerbar Wieder, a mir hoffen dass dat e gudde Joergang gëtt.
Wéi vill Fläsche kommen do esou zesummen, ongeféier?
Mir hoffen dass mir do eng 600 bis 700 Fläsche kënnen afëllen.
Bon de Wéngert ass eng Saach, mee wou gëtt d’Recolte dann ausgebaut?
Elo zum Deel nach selwer, mee mir kucken awer och fir eng Kooperatioun opzebauen, wëll mir jo dann e bëssche méi grouss Quantitéite wäerten hunn. Mat engem W!enzer op der Musel.
Wäiner vun der Our, fréier och scho ganz beléift, wéi de Nico Walisch ze verziele weess, an do den Edmond de la Fontaine zitéiert?
Eise Wäin gëtt verglach mat der Musel, dat ass jo ganz natierlech, di meescht Miseler si jo och besser. Den Dicks, dee jo och hei zu Veianen gewunnt huet, an 10 Joer hei Friddensriichter war, deen huet fonnt: De Veianer jonke Wäin wir besser wéi dee jonke Wäin op der Musel. Wëll den Dicks muss et wëssen, wëll e war an der Wäikommissioun op der Musel, an huet jo och laang do gewunnt.
