
© pixabay
Gréng, gréng, gréng sinn all seng Kleeder. Bei Blaatgeméis, wéi Zalot oder Spinat, kann ee sécher sinn, dass Vitaminn K drastécht. De Kierper ka Vitaminn K net selwer produzéieren a muss et iwwert d'Nahrung ophuelen. Donieft zielt de K net onbedéngt zu deene Vitaminnen, déi engem permanent iwwert de Wee lafen an awer erfëllt en immens wichteg Funktiounen am Kierper.
De Vitaminn K ass zum Beispill wichteg fir d'Bluttgerënnung, Dr. Marc Keipes aus dem Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann:
Do kennt een dat am Fong geholl éischter duerch Antivitaminn - K. Dat si Substanzen, déi de K an der Funktioun vun der Bluttgerënnung behënneren an déi doduerch eist Blutt méi dënn maachen, gëtt gesot, mee eigentlech maachen, dass d'Blutt manner séier gerënnt. Dat ka wichteg sinn an der Preventioun vun Hiereschlag bei Häerzrhythmusstéierungen an dat kann nëmme geholl ginn, wann ee vum Dokter dat verschriwwe kritt. Also do soll een dann och net, wann een Antivitaminn - K kritt, géigesteieren an erëm selwer eegene Vitaminn K huelen.
Vill Leit kennen de Vitaminn K dann och a Verbindung mat Vitaminn D, well déi zwee zesummen en zimmlecht gutt Team erginn, wann et ëm Schanken a Kalzium-Verwäertung geet. D'Heipraktikerin Anja Welsch:
Die Wechselwirkung sollte man schon kennen. Ganz wichtig ist das bei Vitamin D3 und K2. Und wenn ein Mangel vorliegt, wird D oft verschrieben, mittlerweile auch von Ärzten, aber es wird oft alleine verschrieben. Und Vitamin D3 ist zuständig, um das Kalzium in den Knochen einzulagern, aber für den Transport von Kalzium ist Vitamin K2 zuständig. Und wenn es nicht dabei ist, kann es sogar im Extremfall zur Kalzifizierung von Organen oder Gewebe kommen.
Wann all Dag vill Grénges um Teller läit huet een eigentlech kee Problem dass ee Vitaminn K1 Mangel optriede kéint. Wou stécht en dann iwwerall dran?
Vor allen Dingen mit grünen Nahrungsmitteln, also Petersilie, Spinat, Mangold, aber auch mit Kartoffeln - und Haferflocken. Allerdings, wenn man diese Nahrungsmittel isst und man substituiert Vitamin D3, dann muss man bei der Substitutioun K2 trotzdem noch dazunehmen, sonst ist ein Missverhältnis da.
Beim Vitaminn K2 gëtt et dann awer schonn e bësse méi komplizéiert, virun allem fir Veganer, well deen nëmmen an Déiereproduite, wéi Eegiel, Mëllechproduiten a Fleesch dran ass, deelweis fënnt een en awer och a fermentéierte Liewensmëttel wéi zum Beispill am Sauerkraut oder am Natto, de fermentéierte Sojabounen, déi bei eis allerdéngs duerch hiren intensive Geroch net esou dacks um Teller landen.

© pixabay