
Fir op erneierbar a kuelestoffaarm Energie ëmzeklammen kascht Suen. Déi héich Investitioune ka sech net all Mënsch leeschten, zum Beispill d'Cliente vun der Epicerie Sociale zu Esch. Dowéinst gëtt et de Projet FSE PLUS. FSE steet fir Fonds Social Européen an dee kritt Dir den Owend kuerz virun hallwer 8 op der Tëlee an den Energie Tipps erkläert.
D'Sarah Juchems vun der Klimaagence
09/07/2025 Energie Tipps 1
Zesumme mam Familljeministère mécht d'Klimaagence den Tour vun den Epicerie Socials vum Land, fir do dann opzeklären wéi een och ouni grouss Investissementer Energie, an domat och Suen, spuere kann. Et geet ëm déi kleng Gesten.
09/07/2025 Energie Tipps 2
Nieft der Berodung op der Plaz ginn et dann och nach verschidden Objeten déi ee mat Heem huelen dierf a mat deenen een och direkt den Energieverbrauch erofschrauwen kann.
09/07/2025 Energie Tipps 3
Méi iwwert de Projet FSE PLUS dann haut den Owend an den Energie Tipps mat der Klimaagence kuerz virum Journal op der Tëlee.