
© pixabay.com
Deen een oder anere vun Iech hat dat sécherlech schonn. Eng Rees mam Auto an der Famill steet un a wann de groussen Dag bis do ass, steet ee virun der Mall an et freet ee sech wéi een all dat Gepäck méi oder wéineger anstänneg verstaut kritt.
Wéi ee sech do am beschten uleeë sollt, weess de Frank Maas vum ACL:
"Wichteg ass et déi schwéier Wallisse sou déif wéi méiglech am Auto ze verstauen. Domadder bleift de Schwéierpunkt vum Auto optimal an d'Fuerverhale gëtt net nëmme wéineg beanträchtegt. D'Wallisse sollen och net iwwert déi iewescht Kant vum hënneschte Sëtz erausstoen. Sollt dat awer de Fall sinn da kann ee se mat engem Gitter oder engem Netz oftrennen. Wann een eng Wallis ze vill huet déi net méi an d'Mall vum Auto passt, da kann ee se tëscht dee viischten an deen hënneschte Sëtz klemme sou dass se an alle Fäll gutt gehalen ass."
Fir nach e bëssi méi Stauraum ze hunn, gräift deen een oder aneren nawell gären op eng Këscht fir op den Daach zréck. Allerdéngs sollt een och hei op dat eent oder anert oppassen:
"Éischtens kann d'Këscht um Daach d'Fuerverhale vum Auto änneren, ganz einfach aus deem Grond well sech zousätzlecht Gewiicht ongënschteg héich befënnt. Well eben eng Daachbox eng grouss Ugrëffsfläch huet, kann och de Säitewand hei eng Roll spillen. Da soll een natierlech och d'Héicht respektéiere sou dass een néierens uewe ka widder kommen. A beim Luede soll een op dat zousätzlecht Gesamtgewiicht vun der Box an och vum Auto oppassen."
A wann een da bis op senger Destinatioun ukomm ass, soll een am beschten d'Këscht och erof huele well ee mat dëser méi Bensinn verbraucht.
A well d'Sécherheet nu mol immens wichteg ass, soll ee bei den Accessoiren wéi Warnvest, Dräieck a Verbandskëscht ob dëst oppassen:
"D'Warnvest, den Dräieck an d'Verbandskëscht mussen accessibel bleiwen, dat heescht esou, dass een net muss déi ganz Mall ausraume bis een un dës ganz wichteg Utensilien dru kënnt."
Wann dat dann alles richteg gemaach ass, kann ee lass fueren. Dat awer idealerweis gutt ausgerout fir sech selwer an de Recht vun de Passagéier net onnéideg a Gefor ze bréngen.