Wéi spéit ass et? Zäit leeft! Wéi Zäit vergeet, oder déi genee Zäit gëtt iech offréiert vun? Alles Aussoen déi mir mat der Auer a Pénktlechkeet a Verbindung bréngen. D'Geschicht an d'Präzisioun vun enger Schwäizer Auer hu mir an der leschter Stonn beliicht an eiser Tic Tac Story. 


Elo gi mir mam Christian Schmit nach eng Kéier op déi Plaz matgeholl déi sech,"le berceau d'horlogerie", nennt, an dat an der pittoresker Vallée de Joux. Hei gëtt et eng Ecole Technique fir d'Ausbildung zum Auermécher. Mir ginn awer och gewuer aus wéi vill Eenzeldeeler sech esou eng Auer zesumme setzt, wéi kreativ e sech selwer ka mat abréngen, a wat alles am Espace Horloger zesumme gedroe gouf.

27/07/2025 Tic Tac Story 2. Deel (MAT USO)

A sinn dowéinst nach eng Kéier an der Vallée de Joux zu Le Brassus. Effektiv huet d'Vallée de Joux hir eegen Ecole Technique fir eng Ausbildung zum Auermécher an do mat engem Certificat fédéral de capacité ofzeschléissen, a sech duerno nach ze spezialiséieren?

Oui  effectivement nous avons une Ecole Technique qui forme les apprentis, et il y a aussi certaines entreprises horlogères qui forment leur propres apprentis en altérnance. La pratique en entreprise et la théorie à l'Ecole Technique. 3 ans au minimum.

Eis Invitée, Céline Crétin, ass och duerch di Schoul gaangen, déi 2026 schonn hiren 125. Anniversaire feiert. Si schafft fir d'Maison Breguet, an déi feieren elo schonn 250 Joer Bestoen.

RTL
RTL

Dass e selwer kreativ dierf sinn, an och seng Iddien bei neien Auere Kreatiounen ka mat abréngen, verréit eis meng vis à vis?

Eh bien typiquement la nouvelle Type 20, cela est un peu le coup de coeur que j'ai eu cet année. Et puis aussi le nouveau modèle Souscription qui rappelle un peu l'ancienne montre de l'époque, mais qui est aussi au goût du jour. 

Verschidde vun esou Meeschterwierker sinn dann och streng limitéiert, déi ugeschwaten Tourbillion beispillsweis wäerte just 50 Leit um Aarm droen.

Kann een eigentlech soen aus wéi vill Eenzeldeeler esou eng Auer besteet?

Cela varie des pièces en fonction de la complexité de la montre. De 30 pièces à 300. Cela explique aussi un peu le prix parfois, vraiment grand luxe. 

Tout à fait et le prix varie aussi en fonction de la complexité du moment, de complication qu'on ajoute. Voilà un mouvement plus simple ou celui de grande sonerie par exemple.

Jo an dann ass d'Céline Crétin a sengem Element, a kënnt op de Musée ze schwätzen, deen e Besuch wäert ass?

Eh bien vous pouvez voir beaucoup de choses sur le domaine de l'horlogerie. C'est un musée qui est vraiment bien fait et ce que vous visitez, chaque pièce est un peu unique. Et on peut même aider si on veux, on peut essayer de monter dans mon banc pour les premiers pas du Tic Tac.

RTL



Awer och fir di technesch Innovatiounen an de Patrimoine immatériel vum Horloger a Valeur ze setzen, war de But vum Espace Horloger zu Le Brassus an der Schwäiz. 

Vläicht passéiert dir jo elo am Summer ronderëm Genève oder am Schwäizer Jura, da wär et net all ze wäit fir bis dohinner.

An e puer Impressioune vun do hu mir och op www.radio.rtl.lu