
D'Valentiny Foundation zu Rëmerschen war den ideale Kader fir eng dach ganz aussergewéinlech musikalesch a kulinaresch Experienz. Musique et Perceptions iwwerschriwwen hate viru kuerzem d'Invitéen Geleeënheet e Menü ze degustéieren op deen di passend Musek komponéiert gouf. Oder war et ëmgedréit? De Christian Schmit war mat dobäi a verréit eis et.
L'art de fusionner les sensations pour une expérience immersive qui éveille tous les sens. Dat war d'Iddi, an déi sollt mat Bravour ëmgesat ginn. Eng Première hei zu Lëtzebuerg. Op där enger Säit vun de United Instruments of Lucilin mat 7 Musiker, an op där anerer Säit vun der Kiche Brigade aus dem Bouneweger Lycée. Ugefouert vum Carlo Sauber deen och d'Iddi zesumme mam Guy Frisch heifir hat? Menü ausgeriicht op d'Musek oder ëmgedréit?
U sech egal wéi eng Reihenfolleg dat een hëllt. Dat war eng Experienz déi laang Recherchen erfuerdert huet, fir engem bewosst ze maachen, dat mir eis Experienzen gutt kënnen op di 5 Sënner gutt kënnen associéieren, op dat elo d'Musek ass, d'Iessen ass, d'Gehéier ass. Dat heescht di 5 Sënner spillen ëmmer eng Roll, egal a wéiengem Domaine.
An der Kichen ënnerstëtzt vu villen Talenter, och dem Thomas Murer a Roberto Beltramini?


Très belle expérience pour moi, très original les mets, les plats et la musique.
5 Schüler hate mir matbruecht, Kichen a Service. Et war eng schéin Aventure, vum Ufank bis zum Enn. Wou mir eis de Men! audsgeduecht hunn, an iwwer d'Musek geschwat hunn fir di Saachen ze kombinéieren. D'Spannung huet sech opgebaut bis zum Schluss.
Eng musikalesch Kompositioun aus der Fieder vum Aaron Einbond, hors du commun, dat ass dat mannst wat e ka soen?
Oui exactement. J'étais inspiré par bien sûr les beaux plats et par les chefs, et aussi les sons de la cuisine. Parce que la cuisine là bas à Bonnevoie s'est extrèmement interéssant d'ou viennent les sons. Dans tous les sens, cela le titre de l'évènement, et comment aussi les chefs et les étudiants s'expriment autour de la cuisine. Comment eux peuvent exprimer la cuisine, évoquent les mémoires et la passion.



Zerwéiert gouf "Le végétal dans toute sa fraîcheur, Dominance bovine en rougeur et chaleur épicée an eng Apologie de l'excès"
Fir d'Musiker och en Erliefnes, dee "Son de la cuisine" an dräi Mouvementer ëmzesetzen.


United Instruments of Lucilin ass houfreg och dëse Projet konnte matzegestalten, Jill Hammen?
Jo genee. Mir hunn all puer Wochen, bon Concert'en ass net emol ëmmer dat richtegt Wuert, et si Projet'en. An dat hei war jo a sech dat fënneft a lescht Event an eiser Residenz hei an der Valentiny Foundation. Mir hunn ëmmer Musek verbonne mat engem Thema, sief et emol Archtiektur, Literatur an elo eben dann d'Gastronomie.
Bravo a Merci dass mir hunn dierfe mat dobäi sinn.


Eng Partie Fotoen vun deem méi ongwéinlechen kulinareschen a musikaleschen Experiment op www.radio.rtl.lu. Hei kann een och de ganzen Interview nolauschteren, a méi Info och gären op www.lucilin.lu