
© pixabay
E Roadtrip ass jo u sech ganz flott, fir Europa kennenzeléieren. Ma wéi sécher fiert et sech eigentlech op europäesche Stroossen? A wou ass et am geféierlechsten? Eng Etüd vu Vignetteswitzerland.com huet déi aktuell Date vum europäesche Verkéiers-Sécherheetsrot analyséiert.
Fänke mer mol mat der Top Ten vun de sécherste Stroossen un, an dat ass Zypern, Michèle Schons?
D'Sonneninsel ass a punkto Verkéierssécherheet gutt opgestallt, well d'Unzuel vun den déidlechen Accidenter op de Stroossen op Zypern läit 19% ënnert dem EU-Duerchschnëtt. Wien iwwert déi pittoresk Stroosse laanscht d'Mier oder op de Biergstroosse fiert, ass relativ sécher ënnerwee. Irland läit op 9ter Plaz, hei goufe virun 2 Joer 34 déidlech Accidenter gezielt. Hire But ass et bis 2030 déi Zuel ëm d'Hallschent erofzekréien, an zu de Moossname gehéieren ënnert anerem och obligatoresch Drogentester.
Op Plaz 8 dann Däitschland, wat sech ëm eng Plaz verschlechtert huet, op der 7 ass et Finnland, wou och d'Accidenter zeréckgaange sinn a Malta ass op der 6.
Nummer 5 ass d'Schwäiz, fir vill Chauffeuren den Nonplusultra vun de schéinste Panoramastroossen, an och eent vun de sécherste Länner fir Autofuerer. Dänemark fanne mer op der 4 a Groussbritannie kritt déi drëtt Plaz, well och hei a villen Uertschaften eng Vitesslimitatioun vun 20 Meile pro Stonn gëllen. Bei de séchere Stroossen ass dann och Schweden op Plaz 2 ganz virbäi an am sécherste fiert een an Norwegen, wou zanter ville Joren d'"Vision Zero" Strategie duerchgesat gëtt an déi déidlech Accidenter 56% ënnert dem EU-Niveau leien.
Komme mer da bei d'Top Ten vun deene geféierlechste Plazen, do hu mer Polen, dat op Plaz 10 d'Schlussliicht bilt?
Si leien 13% iwwert dem Duerchschnëtt an Europa wat zum Deel och duerch schlecht Stroossekonditiounen an ze séiert Fuere bedéngt ass. Italien ass op der 9, well hei anscheinend d'Chaufferen am meeschten ofgelenkt sinn an d'Virfaarten net anhalen. A Litauen, déi op der 8 sinn, ass och riskant Fueren a schlecht Stroossen d'Ursaach. Griicheland, wou vill Leit sech guer net ustrécken oder alkoholiséiert fueren ass op der 7, suivéiert vu Portugal, Kroatien a Lettland. Plaz 3 geet u Serbien, och hei ass Alkohol a schlecht Stroosse mat d'Haaptursaach. Dat zweet-geféierlechst Land ass Rumänien, hei halen der vill sech guer net un e Code de la Route an op der 1 hu mer Bulgarie wou d'Zuele fir sech schwätzen, déi 79% iwwert der EU-Moyenne leien.
A wien op der Rees mam Auto am Ausland ass, sollt am beschten en europäesche Constat derbäi hunn, deen een a verschiddene Sproochen ausfëlle kann. Domat kann een op mannst d'Sproochebarrière bei den Affer vun engem Accident oder bei der Police besser iwwerbrécken.