Et héiert ee jo ëmmer nees, dass Leit doheem vun Abriecher iwwerrascht ginn. De Gedanken, dass engem dat selwer mol geschéie kann, ass net immens. An awer ass et wichteg sech domadder ausenaner ze setze wat ee maache soll wann een ongewollte Besuch kritt.

18/07/2025 Abriecher doheem

Generell, seet d'Police, ass et esou, dass d'Abriecher keng Konfrontatioun mat den Awunner vum Haus oder der Wunneng sichen. Et ass deemno esou, dass dës léiwer dann abrieche wa keen doheem ass. Sollt een awer mol op en Abriecher stoussen, da recommandéiert den nationale Preventiounsservice vun der Police direkt e puer Saachen. Patrick Linster:

"Einfach mol jäizen, Dir kënnt Nimm ruffen, Dir kënnt Kaméidi maachen, dass eben den Täter opmierksam gëtt an d'Flucht sou séier wéi méiglech ergräift. Wann et da sollt virkommen, dass Dir Iech géingt begéinen, ass u sech déi éischt Reegel sech dem Täter ni an de Wee stellen. Mir soen ëmmer: Net den Held markéieren, dofir sinn aner Leit zoustänneg fir dat ze maachen, verbarrikadéieren an direkt den 113 uruffen."

Idealerweis sollt ee sech u puer Detailer ukucken a verhalen:

"Wann Dir natierlech d'Méiglechkeet hutt eng kleng Observatioun ze maache vun der Flucht vum Täter, wéi eng Richtung ass e gelaf, wat hat en eventuell un, wéi een Auto hat en, wéi eng Immatrikulatiounsplack. Dat sinn alles déi Informatiounen déi mir brauche fir herno eben d'Enquête weiderzeféiere fir dass et eben zu engem gudde Resultat kënnt."

Op kee Fall sollt ee probéieren den Held ze markéieren. Donieft sollt een och bedenken, dass d'Asetze vun enger Waff sech och mol géint een dréie kéint, spréch, dass den Abriecher Iech mat Ärer Waff blesséiert. Ganz wichteg ass awer och, dass een näischt upéckt doheem bis dass d'Police judiciaire bis laanscht ass. Tim Pauly:

"Wat ëmmer wichteg ass wann en Abroch stattfënnt, hannerléisst en Täter Spueren. Ech mengen dat ass en Thema wat een ëmmer mol soll eng Kéier opgräifen, dass d'Leit och wësse wa se heem kommen oder doheem eppes geschitt, dass se näischt sollen upake well mer do kënnen DNA Spueren zum Beispill fannen oder aner Spueren déi herno wichteg sinn an der Enquête."

Genee sou wéineg sollt een, wann ee mierkt, dass agebrach gouf wann een heem kënnt, net nach séier ufänken ze raumen. Patrick Linster nach eemol:

"Dat ass ganz wichteg. Och zum Beispill wann eng Fënster futti gemaach gëtt, net d'Schierbelen opsammelen, net zesumme kieren, waarde wéi gesot bis d'Kolleege vun der Police judiciaire op der Plaz si well dat sinn nämlech Spueren déi geséchert ginn an déi verhëllefe gäre fir eng Enquête ofzeschléissen."

Natierlech wënschen ech kengem sou ongewollte Besuch doheem ze kréien, mee wann et dann awer mol sollt geschéien, da wësst Dir alt wéi ee sech am Beschte verhält.