Nieft den Abréch doheem, gëtt awer och ëmmer méi dacks an Autoen agebrach. Obwuel een hei elo net onbedéngt vun Abroch schwätze kann, well, der Police no, a ganz ville Fäll einfach vergiess gëtt den Auto zouzespären.

18/07/2025 Abréch an Autoen

Nieft den Abréch doheem, gëtt awer och ëmmer méi dacks an Autoen agebrach. Obwuel een hei elo net onbedéngt vun Abroch schwätze kann, well, der Police no, a ganz ville Fäll einfach vergiess gëtt den Auto zouzespären. Tim Pauly vum nationale Preventiounsservice vun der Police:

"Mir nennen dat Abroch an en Auto mee ganz oft ass et keen Abroch well mer de Phenomen vun de Klenscherten, wéi mer se nennen hunn, déi einfach iwwerall probéiere ginn duerch d'Dierfer, ze Fouss ënnerwee sinn, un all Auto klenschen. An déi Saachen déi dann dee Moment am Auto leien, déi eng gewësse Valeur hunn, sinn dann natierlech fort."

Dowéinst ass e den Appell un d'Leit hier Autoe systematesch zouzespären an och keng Wäertsaachen dra leien ze loossen. Well wann et drop ukënnt, ass et deemno wéi net sécher, dass d'Versécherung an deem Fall fir de Schued opkomme wäert:

"Do huet een als Privatpersoun de Problem eventuell mat der Assurance well et da keen Abroch ass well den Auto opstoung. Mir nennen dat en einfachen Déifstall an do kann et sinn, dass d'Assurance net opkënnt dofir."

Natierlech soll ee wann een Affer vun esou engem Déifstall ass respektiv wann een eppes gesäit, direkt reagéieren:

"Et ass scho wichteg, dass d'Leit dann och dat mellen, eng Plainte maachen oder wa se Verdächteger gesinn déi eventuell klenschen, da sollen se der Police, dem 113 direkt Bescheed soe fir dass mer déi kënnen eventuell in flagranti erwëschen."

Wichteg ass awer och, dass ee weder d'Pabeieren nach d'Telecommande vum Garage am Auto leie léist, virun allem wann een anzwousch parkt wou net vill Verkéier ass. Well sou fënnt den Abriecher oder Klenschert och alt mol séier de Wee bis bei Iech heem fir do nach weider raumen ze goen, och wann dat elo net onbedéngt dat ass wat sou Täter wëlles hunn.