Ëmmer méi dacks fënnt een an de sozialen Netzwierker Filmer oder Fotoe vun Iwwerwaachungskameraen déi Privatleit online setze fir anerer virun Abriecher ze warnen. Mir wollte wëssen ob et eigentlech legal ass Leit mat der Kamera ze filmen an och ob een esou Saachen iwwerhapt verëffentleche soll an däerf.

18/07/2025 Preventiv géint Abréch virgoen

Ëmmer méi dacks fënnt een an de sozialen Netzwierker Filmer oder Fotoe vun Iwwerwaachungskameraen déi Privatleit online setze fir anerer virun Abriecher ze warnen. Mir wollte wëssen ob et eigentlech legal ass Leit mat der Kamera ze filmen an och ob een esou Saachen iwwerhapt verëffentleche soll an däerf. Patrick Linster vum nationale Preventiounsservice vun der Police:

"Dir däerft doheem Är Proprietéit filmen, Dir däerft och Enregistrementer dovunner maachen. Wat ebe just komplett tabu ass, ass fir den Noper an d'voie publique matzefilmen. Do sidd Dir komplett an der Illegalitéit an deem Fall. Natierlech, wat eis och opgefall ass, ass, dass sou Videoen déi d'Leit opgeholl hunn, an de soziale Medie landen. Dat ass awer net dee perfekte Wee fir déi Täter dann ze identifizéiere well do muss et sech net ëmmer ëm deen Täter handelen deen d'Police an enger Enquête sicht."

Ofgesinn dovunner kann een net ëmmer mat Sécherheet dovunner ausgoen, dass déi Persoun op de Biller effektiv eppes Schlechtes am Sënn hat. Se dann awer an de soziale Medien als Abriecher ze betitelen, kann och mol nohanne lass goen. Dofir soll een esou Videoen oder Biller léiwer just un e lokaalt Kommissariat weiderginn.

"Déi gi se da weider un de Service vun der Police judiciaire oder se kënne selwer eppes mat deene Biller ufänken. Dat ass am Fong dee richtege Wee dee mir de Leit rode wat se solle mat deene Biller maachen."

Generell ass et awer sou oder sou gutt, sech preventiv géint Abriecher ze ekipéieren. An do ass de Preventiounsservice vun der Police déi richteg Ulafstell wann et ëm Berodung geet:

"Mir maachen eng ganz Analyse vum Haus oder vum Appartement, mir gi mat de Leit doduerch, weise se drop hi wou déi schwaach Punkte kënne sinn, wou d'Täter kënnen erakommen an da leeft et meeschtens drop eraus fir eng Funk-Alarmanlag oder Kamera-Systemer nozerëschten. Dat geet haut och ganz einfach, do muss net vill gebuert gi fir bestoend Haiser. Fir déi Leit déi um Baue sinn, déi invitéiere mir bei eis an d'Expo ze kommen hei an d'Cité Policière op de Findel wou mir se kënnen am Virfeld berode wou et am Beschte wier eng Camera hinzehänken."

Déi Berodunge sinn iwwregens absolut gratis. Weider Informatiounen dozou kritt Dir beim Service national de la prévention de la criminalité vun der Police oder op www.police.lu