Tic Tac Story wéilte mir iech elo an de nächste Minutte proposéieren.

De Christian Schmit hëllt eis mat an d’Wéi vun de beschtbekannte Schwäizer Aueren, an d’Vallée du Joux am Schwäizer Jura just eng Stonn vu Genève ewech.

27/07/2025 Tic Tac Story 1. Deel (MAT USO)

Le Brassus, ass sou gesinn d’Haptstaad vun der Schwäizer Auere Perfektioun. Vun hei aus gi si an d’ganz Welt, di beschtbekannte Meeschterwierker aus den Heiser Breguet, Jaeger-Lecoultre, Blancpain oder Audemars-Piguet. En Invest am 5 stellege Beräich, just fir den Entrée de gamme, ass noutwenneg fir esou eng dann um Aarm ze droen.

Mir sinn op Besuch am „Espace Horloger Vallée du Joux“. Hei gëtt e vill gewuer iwwer d’Konscht vun der Prezisioun an deenen déi derhannert stinn.

Eng vun hinnen, d’Céline Crétin, zënter 16 Joer elo schonn Horlogère. Eng Passioun déi schonn als Kand ugefaangen huet?

RTL
RTL

Eh bien c'est un peu familial, parce-que j'avais mon beau-père qui était dans l'horlogerie. C'est vrai que j'ai fait déjà plusieurs stages en horlogerie, et cela m'a mis de mettre le pied à trier et m'a donné envie de me perfectionner dans ce domaine. Puis c'est vrai que voir un mécanisme qui fonctionne, donner vie à une montre, c'est beau à voir.

D’Vallée du Joux, eng Géigend déi zimmlech isoléiert leit, fréier dacks am Wanter zougeschneit war, an esou hunn d’Baueren ugefaangen sech un d’Handwierk ze ginn. Am Summer um Feld, am Wanter an der waarmer Stuff déi zum Atelier gouf. Am 17. Joerhonnert huet sech de Know-how lues a lues verbreet, an di sougenannten „Fermes horlogères kann een haut nach gesinn.

Ce sont les paysans qui l'hiver ne pouvaient pas faire le foin et tout, il avait une occupation qui était l'horlogerie. Mettre du beurre dans les épinards comme on dit.

An dann dierfe mir dem Céline iwwer d’Schëller kucken, an do bass de paff iwwer déi roueg Hand déi een do muss hunn.

C'est sûr qu'on on commence on est tous un petit peu en train de trembler, mais au fil des années voilà on prend confiance, et il y a aussi des clefs qui nous aident à ne pas trembler, avoir des bons points d'appui, pour avoir cette précision.

RTL

RTL

Wat zeechent dann eng gutt Auer aus?

Eh bien une bonne montre qui sait donner l'heure juste et puis voilà qui a un bon travail derrière, qui est bien décoré, belle finition, qui est fait manuellement. J'aime vraiment bien que les monttres soient à l'heure pour moi c'est important. Si on arrive pas à temps, le train ne nous attend pas.

Zënterhier wou d’Menschheet sech a Beweegung gesat huet, goung et drëms Zäit iergend wéi anzegrenzen. D‘ Ägypter hu sech schonn un der Sonn orientéiert, den Astrolabe war gutt fir ech un de Stären ze orientéieren, an och d’Sandauer huet deemools schonn eng Roll gespillt.

Wou ginn déi Schwäizer Auermécher ausgebilt, wéi kreativ däerf e selwer sinn, a wéieng Exponater gesi mir alles am Espace Horloger an der Vallée du Joux? Alles dat dann an der nächster Stonn.

RTL