
© pixabay
Vläicht fuert der deemnächst a Frankräich an d'Vakanz, da kommt der net laanscht deen een oder anere Péage. Den Ament gëtt et an deem Kader eng nei Arnaque: Per SMS oder Mail fuerdere Krimineller elo Maut un. Wéi erkennt een déi Fake-Noriichten a wat soll een an deem Fall maachen?
A Frankräich huet een d'Méiglechkeet nach ëmmer wéi fréier mat Ticket zéien, Bogreld oder Visa ze bezuelen, oder mam Bip&Go, wou dann de Montant vun ärem Kont ofgebucht gëtt. Nei ass awer och deen automatesche Péage, Lex Friedrich aus dem ACL:
Frankräich ass och amgaangen do ëmzerüsten. Dat heescht, dat wäerten der och lues a lues ëmmer méi ginn, an do geet den automatesche Péage, dat geet dann iwwert d'Nummereschëldserkennung. Dat heescht, dat Nummereschëld gëtt gescannt, gefilmt, do ginn et dann, op deenen Tronçone keng Barrièrë méi. Da bezilt een entweeder, wann een zum Beispill elo Client ass bei enger Mautfirma, da kann een iwwert dee Bip&Go och op deene Strecke bezuelen.
Onéierlech Leit hunn de System elo fir sech entdeckt an eng nei Arnaque gestart. Si ginn sech als Mautfirma aus an hätte gär Suen. Hei gëtt awer meeschtens mat enger direkter Sprooch geschwat an nach dubiéis Linke matgeschéckt.
Et gëtt ni a vu kenger offizieller Plaz en SMS un d'Automobiliste geschéckt, dass si missten eng Strof bezuelen oder si hätten hien eppes falsch gemaach. Dat gëtt vu kenger Mautfirma gemaach an och vu soss kengem. Also wann der esou en SMS kritt, dat ass mat Sécherheet Phishing, dat ass Fraude, do wëllt een Iech beduxen. Dat ass ganz kloer esou. Do kënnt eng Behaaptung, Dir hätt de Péage net bezuelt an et wär eng Strof fälleg. Dat sinn onéierlech Leit, déi wëllen do einfach Geld domadder maachen.
Wien esou eng Noriicht kritt soll de Link net uklicken, awer och net ignoréieren:
Ech hu mer elo soe gelooss, dat soll een op alle Fall ëmmer mellen, an dat esouwuel bei der franséischer Police wéi och bei der Mautfirma vun där Strooss, wou der do gefuer sidd, och deene Bescheed soen, fir dass si do déi néideg Schrëtt kënnen ënnerhuelen, fir dass dat dote keng Schoul mécht a sech do weider vervillfacht.
Eng sécher Léisung ass de „Bip&Go“, deen zanter kuerzem och a Spuenien, Portugal an Italie funktionéiert. Dir kritt dee beim ACL an e kascht 26€ fir Memberen a 47€ fir Net-Memberen, déi an der Groussregioun liewen.